
An d’Fans vum Hardrock dierfe sech freeën, Deep Purple kënnt nämlech wärend hirer “1 More Time"-Tour 2024 och op Lëtzebuerg. Den 31. Oktober bréngt den Atelier d’Londoner Rockband an d’Escher Rockhal.
Mat am Gepäck eng Diskographie, déi hiresgläiche sicht an dat schonn zanter de 70er Joren. Mat Albe wéi Machine Head oder nach Made In Japan kann ee sech ouni Zweiwel op dat Bescht freeën, wat d’Welt vum Rock ze bidden huet.
D’Tickete ginn e Freideg de Moien um 11 Auer an d’Vente. Weider Informatiounen fënnt een op der Säit vum Atelier.