"Ganz Welt ass meng Heemecht"Duechter vum Diane Kruger gëtt däitschsproocheg erzunn

RTL Lëtzebuerg
Déi däitsch-amerikanesch Schauspillerin Diane Kruger schwätzt mat hirem klenge Meedchen doheem hir Mammesprooch Däitsch.

Déi international bekannten Hollywoodschauspillerin Diane Kruger gouf 1976 zu Algermissen an Däitschland ënnert dem Numm Diane Heidkrüger gebuer. Datt hir Originnen dem Kruger, déi engem méi breede Public ënnert anerem duerch dem Quentin Tarantino säi Film “Inglorious Bastards” bekannt ass, nach ëmmer wichteg sinn, weist d’Tatsaach, datt si mat hirem ronn véier Joer ale Meedchen doheem Däitsch schwätzt.

“Verschidde Wierder seet hatt just op Däitsch, zum Beispill Paangech”, sou d’Kruger. Wann et ëm d’Iesse geet, setzt d’Actrice awer éischter op franséische Kascht, dorënner Gigot. Déi 45 Joer al Schauspillerin, déi aktuell zu New York wunnt, huet am Ufank vun hirer Karriär nämlech 25 Joer a Frankräich gelieft. “Fir mech ass déi ganz Welt meng Heemecht, awer ech fille mech schonn zimmlech europäesch an natierlech och weiderhin däitsch.”

Back to Top
CIM LOGO