Am Alter vun 82 JoerD'US-Schauspillerin Raquel Welch ass dout

RTL Lëtzebuerg
Bekannt gouf si mam Film "One Million Years BC" aus dem Joer 1966, wou si de Spectateuren an engem Pelz-Bikini de Kapp verdréint huet.

De Fantasy-Film huet si weltwäit zu engem Sexsymbol gemaach. Elo ass d’Raquel Welch am Alter vun 82 Joer gestuerwen.

Wéi hire Management matdeelt wier d’Schauspillerin, déi mat hirer Roll an den “The Three Musketeers” 1973 e Golden Globe gewonnen huet, e Mëttwoch de Moien no “kuerzer Krankheet” verscheet. Am Laf vun hirer Karriär, déi sech iwwer fënnef Joerzéngter gezunn huet, war si a méi wéi 30 Filmer a 50 Serien ze gesinn.

D'Raquel Welch am Joer 1970.
D’Raquel Welch am Joer 1970.
© AFP/Archiv

Back to Top
CIM LOGO