Tëschent Horror a MoudD'Vicky Krieps spréngt vum "Monster"-Set op de VOGUE-Cover

Kyra Feiereisen
Coverstar vun der Oktober-Ausgab vun der VOGUE, Netflix-Star a Presidentin vun der "Deutschen Filmakademie": Fir d'Vicky Krieps geet et weider ferm no uewen.
D'Vicky Krieps bei der Première vu "Monster: The Lizzie Borden Story".
© ROY ROCHLIN/Getty Images via AFP

D'Vicky Krieps ass um Cover vun der neier Ausgab vun der däitscher VOGUE ze gesinn. Gläichzäiteg steet déi lëtzebuergesch Schauspillerin aktuell am Fokus vun der neier Netflix-Staffel vu Monster: "The Lizzie Borden Story", an där si souguer zwou Rollen iwwerhëlt.

A Bottega Veneta um Venice Film Festival

D'Krieps, déi sech international mat Filmer wéi "Phantom Thread" a "Corsage" en Numm gemaach huet, lieft mëttlerweil zu Berlin. Do ass si Presidentin vun der "Deutschen Filmakademie".

Mä si huet net nëmmen eng wichteg Funktioun an der däitscher Filmwelt: Zanter leschtem Joer ass si Ambassadrice vun der italieenescher Luxusmark Bottega Veneta an domadder och an der Moudewelt present. Hiren Debut als Gesiicht vun der Mark war lescht Joer um Venice Film Festival.

De VOGUE-Cover markéiert domat en neie Moment an enger Karriär, déi net ëmmer no engem klassesche Schema verlaf ass.

Gespréich mat der VOGUE iwwert Hindernisser

Kuerz no hirem Ofschloss gouf d'Vicky Krieps mat 26 Joer schwanger. Zu deem Zäitpunkt stoung hir Schauspillkarriär nach um Ufank. Aus hirem Ëmfeld krut si ze héieren, datt eng Schwangerschaft d'Enn vun hirer Karriär kéint bedeiten.

Si huet sech awer fir hiert Kand entscheet. Fënnef Joer méi spéit krut si hiert zweet Kand a finanzéiert hir Famill weider mat Schauspillrollen. Haut kann d'Lëtzebuergerin op eng international Karriär zeréckkucken.

Am Gespréich mat der VOGUE, kuerz no hirem Cover-Shooting, seet si: "Dat, wourun ech gegleeft hunn a wat esou onméiglech geschéngt huet, ass geschitt."

D'Vicky Krieps an der neier Staffel "Monster"

Déi rezent Staffel vun der Netflix-True-Crime-Anthologie "Monster: The Lizzie Borden Story", kann een zanter leschter Woch streamen. D'Borden gouf 1892 zu Fall River, Massachusetts, beschëllegt, hire Papp an hir Stéifmamm mat enger Aaxt ëmbruecht ze hunn.

D'Vicky Krieps spillt d'Bridget "Maggie" Sullivan, d'Déngschtmeedche vun der Borden-Famill. Gläichzäiteg verkierpert si och d'Elizabeth Báthory, eng ungaresch Gräfin, déi beschëllegt gouf, jonk Fraen a Meedercher gefoltert an ëmbruecht ze hunn.

D'Krieps war och schonn an der Staffel "Monster: The Ed Gein Story" ze gesinn. Do huet si d'Roll vum Ilse Koch iwwerholl, enger däitscher Krichsverbriecherin aus der NS-Zäit.

Wat kënnt als Nächst?

Fir d'Vicky Krieps geet et och international weider. Enn 2026 wäert si nieft dem Brendan Fraser, dem Bill Murray an dem Dustin Hoffman am Film "Diamond" vum Andy Garcia op der grousser Leinwand ze gesi sinn.

Back to Top
CIM LOGO