De Chef vun deem Departement, de Matthias Rajczyk, bekëmmert sech ëm e puer Chéier. Besonnesch um Häerze läit him de Projet Nordvox. Do gëtt ënnert professionelle Bedingunge geschafft.
Nordvox ass e Chouer, dee sech aus jonke Sänger zesummesetzt, déi am Conservatoire Schüler sinn oder waren. Si gesi sech onreegelméisseg sech, fir dann awer intensiv ze prouwen an tëschenduerch doheem un de Partituren ze schaffen, dat heescht, doheem eleng ze sangen.
Kontakt mat engem professionellen Ëmfeld gouf et fir Nordvox am Kader vum Festival Acapella zu Ettelbréck. Do haten d’Sänger d’Geleeënheet, mat dem Ensembel Voces8 ze prouwen an ze sangen. Voces8 gi Concerten op der ganzer Welt. Grad Jonker, déi sech professionell mat Gesank wëlle beschäftegen, kréien iwwert Nordvox e klengen Abléck hannert d’Kulissen.
Mat hirem Dirigent Mathias Rajczyk treffe si sech just, wann et ee konkrete Projet gëtt an och da just kuerz virdrun. Et ass vill selbstänneg Prouwe gefrot. De Mathias Rajczyk huet als éischten an engem Conservatoire am Land e Jugendchouer opgebaut, dee projetsbezunne schafft.
Och der Conservatoire vun Ettelbréck huet Pionéieraarbecht geleescht, fir eng Chouerschoul strukturéiert opzebauen. Nordvox ass een Aspekt dovunner an déi kann ee geschwënn am CAPE Ettelbréck am Concert erliewen.