MoofestE Festival fir de gudden Zweck

RTL Lëtzebuerg
D'Integral Recette vum Concert ginn un d'Fondatioun Thierry Van Werveke.

Et ass déi éischte Kéier wou de Festival net méi an der KuFa ass mä an der Rockhal. Nieft der Musek déi hei am Mëttelpunkt steet huet dat ganzt och nach en aneren Zweck.

Karitativ Organisatioune kënnen hei e Stand zur Verfügung gestallt kréie fir iwwert hir Aarbecht ze informéieren an  Leit d'Organisatioun méi no ze bréngen. De Laurent Gillander huet mam Organisateur dem Alex Heyar am Interview iwwert d'Event geschwat.

MooFest
E Concert fir de gudden Zweck

 

Back to Top
CIM LOGO