
6 Mol d’Joer, ëmmer an den ongeruete Méint, kënnt de Magazin eraus a gräift dobäi déi verschidde Sparten op, agedeelt an d’Themen „Formen & Farben“, „Bühne“,„Musik“, „Baukunst“, „Geschichte & Erinnerung“, „Literatur“, „Kulturpolitik“, „Film & Medien“ an „Modernes Leben“. All Editioun huet awer och e Schwéierpunkt-Thema, an der aktueller Editioun steet dat ënnert dem Motto “Krieg und Frieden”.
Op 172 Säiten kritt ee Rezensiounen, Kolumnen, Kritiken, Interviewen an Ukënnegungen vun Evenementer ze liesen. Eng ganz Rei Korrespondenten aus de verschiddene Beräicher a Regiounen schaffen dofir mat.
De Kultur-Magazin “Opus” kascht 10 €, am Abonnement 45€ d’Joer, ze fannen ass en am Kiosk an Detailler ginn et och op hirem Internet-Site.