2010 ass de Mouvement Bach in the Subways vum New Yorker Cellisten Dale Henderson am Kader vum Johann Sebastian Bach sengem Gebuertsdag an d’Liewe geruff ginn. Den Henderson huet deemools Wierker vum Bach an de Metro Statioune gespillt an domat de Passanten en onerwaarte Concert ginn. Zënter deem ass den 21. Mäerz weltwäit e richtege “Bach"-Dag ginn. Dausende vu Museker vun iwwerall spillen op fräiwëlleger Basis Stécker vum bekannte Komponisten an dat dacks mat neien Interpretatiounen.

Den 21. Mäerz kann een och eng rei Mini-Concerten hei zu Lëtzebuerg entdecken, organiséiert vun der INECC an dem Ensemble AD LIBITUM, an och op ongewéinleche Plazen. D’Iddi ass et, dem Bach seng Wierker engem grousse Publikum méi nozebréngen. Vun dohier sinn d’Concerten op ëffentleche Plazen. Vun Muséeën, Kierche bis hin zum Campus vun der Uni um Kierchbierg. Ufänke mécht de Mini-Festival um 08.00 Auer op der Gare an hält owes an der protestantescher Kierch an de Stad op. D’Concerte si gratis an de ganze Programm vun de Bach Concerte fënnt een um Site vun der INECC.
De Johann Sebastian Bach gëllt bis haut als ee vun de bedeitendste Museker a gréisste Komponist aus der Museksgeschicht. Seng Wierker beaflosse spéider Generatioune vu Komponisten an inspiréiere bis haut Museker op der ganzer Welt.