Op Lëtzebuerg kënnt een ëmmer gär, dat verroden d’Sängerin Stefanie Kloß an den Drummer Andreas Nowak direkt am Ufank vum Interview. 2009 ware se beispillsweis Headliner um Terres Rouges Festival zu Esch.

Ma och an der Rockhal stoung de Quartett schonn op der Bün. D’Concerten zu Lëtzebuerg huet een a gudder Erënnerung.
Fir den Drummer Andreas Nowak ass de leschten Toun vun engem Concert de flottste Moment, da géif den Drock offalen an et géif ee gesinn, ob de Public zefridde war. Fir d’Frontfra Stefanie Kloß ass et eppes ganz anescht: “Ich mag es wirklich wahnsinnig, wenn viele Leute sehr laut mitsingen. Das ist einfach etwas magisches.”
D’Concerten zesummen erliewen, tëscht Band a Publikum eng Verbindung hierstellen, dat mécht e gelongen Optrëtt aus, esou d’Sängerin.
All Concert wier eppes anescht. Den Andreas Nowak beschreift et wéi ee Bild, wat ee moolt, och wann een déi nämmlecht Faarwen notz an dat selwecht Motiv moolt, kënnt awer um Enn eppes anescht eraus, esou wier et och bei de Concerten.
Och de Concert d’lescht Joer zu Tréier huet bei de Museker spueren hannerlooss. Open Air virun der Porta Nigra ze spillen, wier ee ganz besonnesche Moment gewiescht.
E Concert, wou och vill Lëtzebuerger dobäi waren. Ënnert fräiem Himmel ze spillen, wier ëmmer eppes Spezielles, esou d’Stefanie Kloß:
“Es ist schönes Wetter und du hast deine Leute dabei, die du gerne hast, und du erlebst Musik, die dir vielleicht noch etwas bedeutet und das unter freiem Himmel. Ich glaube schon, dass das wo du stehst und auf was du kuckst, dass das auf jeden Fall mitreinspielt.”
Dëse Summer komme se fir hir Tour e Concert an d’Abtei Neimënster spillen, fir Silbermond eng Première. E Concert, deen och elo scho quasi ausverkaaft ass.
CD, MP3, Streaming. Wann ee laang an der Museksbranche ënnerwee ass, huet ee scho vill Entwécklunge matgemaach. D’Liveoptrëtter géifen dofir eng ëmmer méi wichteg Roll spillen.
D’Stefanie Kloß: “Es ist viel passiert und es ist immer viel in Entwicklung. Ich habe das Gefühl, dass das Live-Spielen mehr an Gewicht zulegt.”
Musek kéint ee mëttlerweil op esou ville Plaze consomméieren, dass dat, wou op engem Concert geschitt, méi eemoleg gëtt: “Es ist ein Moment, den man so nicht mehr reproduzieren kann.“
Fir Silbermond wier dat eng gutt Entwécklung, well se zanter hirer Grënnung Live-Eventer liewen an et dat ass, wat fir si d’Musek ausmécht.
Silbermond ass eng vun de bekanntsten däitsche Rockbands. De Grupp ass zanter 2000 ëmmer nees op Tuer a besteet nach ëmmer aus de Grënnungsmembere Stefanie Kloß, Andreas Nowak, Johannes an Thomas Stolle.
Silbermond huet an de Joren eng ganz Rei Alben erausbruecht, dorënner “Verschwende Deine Zeit” (2004), “Laut gedacht” (2006) an “Nichts passiert” (2009). Hir Texter sinn dacks Gesellschaftskritesch a behandelen Theme wéi Léift, Verloscht a Selbstfannung. Si si bekannt a beléift bei hire Fans, dat haaptsächlech fir hir Liveoptrëtter.
Trotz hirem Erfolleg sinn d’Membere vu Silbermond bekannt fir hir Buedemstännegkeet, wat een och am Interview gespuert huet, an d’Engagement fir sozial Themen.