D’Leit am Public wieren immens gewiescht, et wier eppes, wat déi jonk Sängerin net méi wäert vergiessen.
“Ech kann et kaum gleewen, dass mir an der Finall sinn. Et ass verréckt.”
D’Tali sot am Interview, datt et fir d’Halleffinall schonn e bësse méi nervös gewiescht wier: “Ech hu mer gesot, den Owend ass et, wou et zielt.”
D’Finall ass e Samschdegowend um 21 Auer. Lëtzebuerg wäert an der éischter Hallschent vun der Finall optrieden. D’Tali wäert elo den Owend vill schlofen, dat sot et am Interview, Zäit fir Party ze maachen, wier elo nach keng.
Fënnef Mol huet Lëtzebuerg scho beim Eurovision Song Contest gewonnen. Mat vill Freed an nach méi Spannung gouf dunn de Retour erwaart. D’lescht Joer war et souwäit an de Grand-Duché huet mat Hëllef vum Luxembourg Song Contest den ideale Kandidat gesicht. De 27. Januar konnt sech d’Tali tëscht all den 8 Kandidaten duerchsetzen an déi éischt Hürd war gewonnen.
Vill gouf geschafft, ënner anerem um Lidd Fighter an Ufank Mee ass et dunn a Richtung Malmö gaangen, fir Lëtzebuerg en Dënschdeg den Owend bei der éischter Halleffinall vum ESC 2024 ze vertrieden. An déi wier elo mol gepackt an d’Tali muss sech an der Finall e Samschdeg nach emol beweisen.
“Musek ass meng Therapie a war ëmmer Deel a mengem Liewen”, sou d’Tali op der Pressekonferenz no der Halleffinall vum ESC ugeschwat op seng Musek. Weider betount d’Sängerin, dass Musek, ma virun allem de Eurovision Song Contest “Kulturen a Länner matenee verbënnt”.
Weider seet d’Tali och, dass de Fait, dass Lëtzebuerg als lescht Land weiderkomm ass an et bis zum Schluss spannend bliwwen ass, bei him bal en Häerzinfarkt verursaacht huet.
All d’Kandidaten aus der éischter HalleffinallRTL ass natierlech den 11. Mee live fir Iech mat dobäi a streamt d’Finall den 11. Mee aus der Malmö Arena, an dat multilingual op all eise Plattformen.