
Et ass eng fein geschaffte Kreatioun aus Kristall an Diamanten a gëllt als eent vun de schéinste Wierker vum Bijoutier Carl Fabergé. Dat sougenannte Wanter-Ee ass en Dënschdeg Owend zu London fir de Rekordpräis vun 22,9 Milliounen Englesch Pond, ëmgerechent 26 Milliounen Euro, versteet ginn. Dëst wier e Rekordpräis fir eng Kreatioun vu Fabergé, sou d’Auktiounshaus Christie’s.
De Fabergé hat dat 14 Zentimeter grousst Ee 1913 am Optrag vum russeschen Zar Nikolaus II. fir deem seng Mamm entworf. Et besteet aus Biergkristall, ass mat ronn 4.500 Diamante besat an erënnert un en Äiskristall, dee vu Schnéiflacken iwwerzunn ass. Bannendran ass e klenge Blummebouquet, deen een eraushuele kann. D’Blumme bestinn aus wäissem Quarz mat Golddrot a stiechen an engem Kuerf aus Platin.

D’Wanter-Ee huet puermol de Besëtzer gewiesselt, a war och tëscht 1975 a 1994 verschwonnen. 2002 war et zu New fir den deemolege Rekordpräis vun 9,6 Milliounen Dollar versteet ginn. An engem Zäitraum vun 31 Joer waren fir d’Romanow-Famill, déi am russeschen Zareräich d’Muecht hat, 50 där Eeër kreéiert ginn. D’Traditioun, dës Konschtwierker fir Ouschteren als Kaddo ze verschenken, hat den Zar Alexander II. an den 1880er Jore begrënnt. Säi Successeur Nikolaus II. hat all Joer zwee Eeër bei Fabergé bestallt. Eent fir seng Mamm, an eent fir seng Fra.
Haut sinn nach 43 vun de 50 Fabergé-Eeër vun der Zarefamill iwwreg, déi aner siwe gëllen als verschwonnen.