Krypto-KonschtElon Musk wëll Tweet versteeën, Interessent bitt 1 Millioun Dollar

RTL Lëtzebuerg
D'Geschäft mat der digitaler Konscht boomt. Ëmmer méi Leit bidde Krypto-Konschtwierker am Internet un.
© POOL/AFP/File/Britta Pedersen

Eng vun deene Persounen ass den Elon Musk. Hien huet e musikaleschen NFT produzéiert. Et ass allerdéngs net kloer, ob hien de Song iwwerhaapt wëll verkafen oder net. Nodeems en Twitternotzer him proposéiert hat, net just d’Lidd mam Video unzebidden, mä och den Tweet selwer, ass den Tweet op der NFT-Plattform ugewise ginn.

Eng Persoun wollt esouguer 1 Millioun Dollar dofir op den Dësch leeën, ma den Tesla-CEO huet dës Offer refuséiert. Hätt hien dem Verkaf vu sengem digitale Konschtwierk zougestëmmt, hätt hie 95% vum Betrag kritt an d’Plattform 5%.

Den Technosong thematiséiert den Hype ëm déi nei Technologie. Wéi t3n schreift, géing sech de Musk mat dësem Lidd iwwert d’Keefer vun NFTe lëschteg maachen. Am Mäerz hat seng Partnerin, d’Sängerin Grimes, verschidde Konschtwierker als NFTe verkaf a gouf domat ëm 5,8 Milliounen Dollar méi räich.

An der Lescht ass den Interessi un Non-Fungible Tokens staark gewuess. Fir eng digital Collage vum Kënschtler Beeple gouf zum Beispill eng Rekordzomm vun 69 Milliounen Dollar bezuelt.

Back to Top
CIM LOGO