Festival vu Cannes 2021 - Blog 2 vum Joy HoffmannEn Ausbléck op eng interessant Selektioun a vill Lëtzebuerger Presenz

Joy Hoffmann
Kucke mer e bëssen op d'Zuelen an op déi verschidde Selektiounen.
« Bergman Island » Vicky Krieps, Tim Roth
« Bergman Island » Vicky Krieps, Tim Roth
© Les films du Losange

E bësse polemesch kéint ee sech d’Fro stellen, ob dëst Joer de Filmfestival vu Cannes, deen um Dënschdeg ugeet, net éischter e franséische Festival ass, wéi en internationalen.

An der Kompetitioun kommen op 24 Filmer 8 franséisch Filmer, wa mer de “Benedetta” vum Paul Verhoeven matrechnen, deen eng franséisch Koproduktioun ass, an och a franséischer Sprooch ass. Dat ass immens vill, verglach mat de Jore virdrun, an och z. B mat de respektiven nationale Filmer zu Berlin oder Venedeg. Wann d’Qualitéit vun de franséische Filmer herno stëmmt, ass alles an der Rei. Soss heescht et, Cannes hätt just wëllen hëllefen, de franséische Kino no der Pandemie erëm frësch ze lancéieren.

« Benedetta » mam Virginie Effira
« Benedetta » mam Virginie Effira
© SBS Productions

Vun deene 24 Filmer sinn der och just 4 vu Frae realiséiert an dorënner 3 Franséisinnen. Do wou vill Festivaller, a besonnesch Berlin, alles maachen, fir un d’Paritéit erunzekommen, behaapt sech den Délégué Général vum Festival vu Cannes, Thierry Fremaux, exklusiv op d’Qualitéit als Selektiounskrittär. Wa keng schlecht Männerfilmer an der Kompetitioun sinn, an an deenen anere Sektioune keng besser Fraefilmer sinn, huet en alles richteg gemaach.

Wat d’Nimm ubelaangt esou dauchen och dëst Joer éischter méi nei Realisateuren an der Kompetitioun op, och wann François Ozon, Asghar Farhadi, Wes Anderson, Jacques Audiard oder Nanni Moretti zu den “Habitués” zielen.

Wat d’Nationalitéiten ugeet, esou fält op, dass, wa mer och di aner verschidde Sektioune vun der offizieller Selektioun matzielen, vun de ronn 70 Filmer, net een eenzegen däitsche Film derbäi ass a just 2 Dokumentairen aus England.

Wat elo d’Lëtzebuerger Presenz an der offizieller Selektioun vum gréisste Festival vun der Welt ubelaangt, esou stellt déi e Rekord duer, dee wuel an Zukunft schwéier ze briechen dierft sinn.

D’Equipe vu Samsa Films däerf gläich zweemol als Koproduzent de rouden Teppech eropgoen, an dat an der Haaptkompetitioun mat “Les Intranquilles” vum belsche Realisateur Joaquim Lafosse, um leschten Dag vum Festival. Virdru konnten se awer scho prouwen bei der Montée des Marches vum Ari Folman sengem Animatiounsfilm “Where is Anne Frank”, deen Hors Competitioun gewise gëtt.

Do dertëschent ass et och zwee mol den Tour vum Vicky Krieps, de rouden Teppech ze betrieden, als Haaptactrice am Kompetitiounsfilm vum Mia Hanson-Love “Bergman Island”, wou et niewent dem Tim Roth spillt, an dann huet et och d’Haaptroll an “Serre moi fort” vum Mathieu Amalric, deen an der Sektioun Cannes Première leeft.

An der Pressekonferenz vun der Programmvirstellung sot den Thierry Fremaux zum Film “Bergman Island": .... joué par Tim Roth et cette actrice luxembourgeoise..?...vous allez m’aider..(Hëllef aus dem Publikum) ... c’est ça Vicky Kreps(!), que nous avons vu dans pas mal d’autres films, dont je veux aussi saluer ce surgissement,.. est l’héroine du film de Mathieu Amalric, ce surgissement de cette comédienne dont, semble-t-il, le cinéma mondial ne peut plus se passer. Elle joue aussi dans le nouvel Night Shyalaman “Old”.” E schéinen Hommage vun engem vun de weltwäit unerkanntsten Kinosexperten.

An zu gudder Lescht leeft och nach “Le sommet de dieu” vum Patrick Imbert, an de beléiften Nuetsseancen op der Plage. Dëst ass e weideren Animatiounsfilm, dee vum Lëtzebuerger Studio Melusine Productions koproduzéiert gouf.

Mir kommen natierlech spéider méi op di Lëtzebuerger Filmer zeréck.

Back to Top
CIM LOGO