Deep Deep DownEn déiwen Abléck an d'Kollektioun vum Mudam

Sandy Elsen
D'Mudam-Kollektioun an hirem natierlechen Zoustand presentéieren, fir se gräifbar ze maachen. Dat ass d'Intentioun hannert der Expo "Deep Deep Down".
Expo "Deep Deep Down"
En déiwen Abléck an d’Kollektioun vum Mudam

Normalerweis ginn d’Sammlunge vu Muséeë just a Brochstécker ausgestallt, ma d’Gaaschtcurateuren Shirana Shahbazi an Tirdad Zolghadr wollten d’Mudam-Kollektioun an hirem vollen Ëmfang presentéieren - mat allem wat dozou gehéiert.

Fir dass Curateuren hir Visioun realiséiere konnten, hu si misse mat quantitativen a net, wéi üblech, mat thematesche Krittäre schaffen.

Fir sou vill wéi méiglech vun der Sammlung weisen ze kënnen, huet ee sech op een eenzegt Wierk pro Kënschtler beschränkt, an zwar op dat, dat am indexéierten Oeuvre-Katalog op 1. Plaz steet. An enger nächster Phas, huet ee sech vun deene klengsten un déi gréisste Wierker erugetaascht. Dës Virgoensweis huet um Enn ee ganz neit visuellt Arrangement kreéiert.

Vu Fotografien iwwer Skulpturen bis hin zu audiovisuelle Wierker, et feelt un näischt. Ma d’Selektioun vun de Wierker war eng Saach. Eng ganz aner Challenge war et, sech an der immenser Flut un Donnéeën a Material ze orientéieren, vun den Excel-Dateien, iwwer d’Lager-Systemer, bis hin zu den Transportkëschten.

Bis den 18. Februar 2024 ass “Deep Deep Down” am Mudam ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO