"I'm Just Ken"En Hollywoodstar séngt live bei der Oscar-Gala

RTL Lëtzebuerg
Live bei der Oscar-Gala wäert den US-Schauspiller Ryan Gosling mam Lidd "I'm Just Ken" aus dem Barbie-Film optrieden.
© AFP/Valerie MACON

Optrëtt bei der Oscar-Gala den 10. Mäerz zu Los Angeles.

Den zweefach nominéierten Hollywoodstar Ryan Gosling, deen am Kult-Film “Barbie” de “Ken” spillt, séngt bei der Oscar-Gala d’Power-Ballad “I’m just Ken”, wéi d’Academy of Motion Picture Arts and Sciences de Mëttwoch matgedeelt huet.

Ënner anerem wäert d’Sängerin Billie Eilish an hire Brudder Finneas mam Hit “What Was I Made For” ee weideren Oscar-nominéierten “Barbie"-Song bei der Gala den 10. Mäerz a Los Angeles sangen.

Feministesch Parodie “Barbie”

D’Regisseurin Greta Gerwig hat mat der feministescher Parodie “Barbie” e risege Summer-Hit gedréit. De Film mam Margot Robbie an dem Ryan Gosling an den Haaptrollen huet elo scho weltwäit méi wei 1,44 Milliarden Dollar (1,33 Milliounen Euro) abruecht.

De Blockbuster ass am Ganzen an 8 Kategorie fir den Oscar nominéiert, dorënner och fir den Haaptpräis fir de beschte Film, de beschten Niewenduersteller a mam beschten Originalsong.

Back to Top
CIM LOGO