
Nodeems d’COVID-Pandemie et lescht Joer verhënnert hat, sollt den Herrmann Nitsch u sech am Juli endlech nees eent vun sengen bekannten „Sechs-Tage-Spiele“ op sengem Schlass presidéieren. Doraus gëtt elo näischt méi: En Méindeg ass den Kënschtler am Alter vun 83 Joer gestuerwen.
Et ware grad Happeningen am Kader vun sengem sougenannten „Orgien Mysterien Theater“, déi de Kënschtler weltwäit bekannt gemaach hunn. Konzeptuell als Gesamtkonschtwierk entworf, hu sech op dësen Evenementer Benevoller ënnert anerem mat verbonnenen Aen u Kräizer fessele gelooss a krute frëscht Déiereblutt iwwer sech geschott.
Anerer hunn e gekräizegt Rand opgeschnidden an d’Gedäerms erausgeholl. Dozou ass vum Kënschtler komponéiert Musek als mystesche Klangteppech erklongen. D’Ambitioun vum Nitsch war dobäi, mam Charakter vun engem Gesamtkonschtwierk den Urdrama vun der mënschlecher Existenz tëscht Gebuert, Liewen an dem inévitabelen Doud z‘inzenéieren.
Den Héichpunkt vum dësem “Orgien Mysterien Theater“ waren 1998 déi „6-Tage-Spiele“ um Terrain vu sengem eegene Schlass Prinzendorf an Niederösterreich. Si hunn exemplaresch virgefouert, wéi dës bluddeg Performancen d’Leit souwuel faszinéiert ewéi verstéiert hunn. De Nitsch gouf als grousse Meeschter genausou veréiert, wéi als Déierequäler a Blasphemiker vernannt.
Refus huet den Nitsch an sengem Liewen iwwerdeems net ze knapps erlieft: Als Deel vum Wiener Aktionismus hunn Aktiounen zesumme mat Kënschtler wéi dem Günter Brus oder Arnulf Rainer an den 1960er Joren fir massiv Skandaler a souguer Arrestatioune vun de Kënschtler gesuergt. Doropshin ass den Nitsch op München gaangen, wou seng international Carrière ugefaangen huet. Hien huet dobäi intermedial geschafft an nieft den Happeningen och Zeechnungen a Molereien realiséiert.
Virun allem seng sougenannten „Schüttbilder“ sinn hei bekannt. Den Nitsch huet dobäi rout Faarf oder Blutt op „Toilen“ geschott an gesprëtzt. Och hei ass et d’Visualiséierung vum Liewen als fragil Entitéit, déi konzeptuell am Mëttelpunkt steet.
No iwwer 60 Joer kënschtlereschem Schaffen, wat sech ëm d’Existenz an hire Verloscht gedréint huet, huet den Herrmann Nitsch also elo déi nächst Etapp ugetrueden an Éisträich verléiert ee vun sengen wichtegsten Kënschtler.