De "Luxembourg Center for Architecture", kuerz LUCA, ass eng Vereenegung, déi sech zanter 1992 dofir asetzt, datt Architektur an aner Bauten an eiser Gesellschaft nees eng kulturell Plus-value an eng gréisser Valeur kréien. Et ass eng Plattform, déi aktiv architektonesch Projete fërdert an eng Communautéit ronderëm dëse gemeinsamen Interessen opbaut. 1995 gouf et dohier déi éischt Editioun vum Architekturpräis, deen och dëst Joer rëm ënnert dem Titel "Luxembourg Architecture Award" verdeelt gouf.
Am Malt, engem alen Industriegebai, dat fréier mol eng Offëll-Anlag vun der Brasserie Clausen war, steet haut d'Expo vum LUCA. Dës speziell Architektur steet scho bal symbolesch fir dës 9. Editioun vum "Luxembourg Architecture Award", well se zum engen ee vun de Gewënner-Projeten ass an zum anere ganz am Zeeche vun der dësjäreger Thematik vum Präis steet. Insgesamt 189 Projete si fir de Präis eragereecht ginn, vun deenen dann 33 nominéiert gi sinn. An de fënnef Kategorië sinn dann 13 regulär Gewënner ervirgaangen, ma dobäi kommen awer och nach de Special Jury Award an en Audience Award.
D'Jury war dëst Joer eng Kompositioun aus nationalen ewéi internationalen Architektenhaiser, wat de Choix vun den eenzele Gewënner nach méi intressant gemaach huet. D'Tatiana Fabeck krut net nëmme mat hirem Projet "Malt" eng Auszeechnung ma och fir hir, an dem Architekt an Ingenieur Marc Mimram hir "Passerelle des Arts" um Kierchbierg.
E weidere Projet, dee mat engem Präis an der Kategorie "Dialoguer avec l'existant" ausgezeechent ginn ass, ass den "Atelier Graace" zu Bouneweg. Zil war et, hei en Hotel aus engem alen Industriegebitt ze kreéieren an d'Infrastruktur ze veränneren. D'Iddi vun der Nohaltegkeet stoung hei am Mëttelpunkt, an d'Fro, wéi een dat aalt Industriegebitt rëm nei beliewe kann.
D'Expo am Malt weist déi ganz Villfalt vun de verschiddene Gewënnerinnen a Gewënner a weist, wat fir ee Stellewäert d'Architektur an eisem Alldag huet. Egal op mam Bus, mam Vëlo oder ze Fouss, mir beweegen eis ëmmer duerch eist urbaant Ëmfeld, wat mer vläicht heiansdo net méi richteg wouer huelen. Ma et lount sech heiansdo, mol stoen ze bleiwen an d'Architektur op sech wierken ze loossen.
D'Expo vun der LUCA an dem "Luxembourg Architecture Award" leeft nach bis den 30. Oktober 2026.