Zanter dem 26. November weist déi temporär Ausstellung “Bienvenue à la Villa!”, wéi duerch Schenkungen a geziilten Akeef de Bestand permanent erweidert, vervollstännegt a qualitativ weiderentwéckelt gëtt.
Ronn 60 Wierker, déi tëscht dem 17. an dem 21. Joerhonnert entstane sinn, ginn am Albau vun der Villa Vauban präsentéiert - dorënner Tableauen an Zeechnungen, ma och Skulpturen a Fotografien.
De Fokus läit op deenen neisten Acquisitioune vum Musée, déi déi eege Sammlung ergänzen a beräicheren.
Nieft Cabaretszeene kritt een och Landschaften a Portraiten, Déierebiller oder och biblesch Zeenen ze gesinn. Iwwer zwou Etage féiert d‘Ausstellung “Bienvenue à la Villa!” duerch Ensembele vu Wierker, déi op d‘mannst eng Gemeinsamkeet hunn. Sief et d‘Motiv, d‘Epoch oder de Kënschtler.
Des Ausstellung huet och déi ideal Geleeënheet gebueden, fir 30 Wierker a Rummen ze restauréieren an a neiem Glanz erstralen ze loossen.
Natierlech gëtt et an der Villa Vauban och Lëtzebuerger Konscht ze entdecken. Sou erwaart de Visiteur ënnert anerem een “In situ-Wierk” vum Tina Gillen, déi dëst Joer Lëtzebuerg op der Biennale vu Venedeg vertrueden hat.
D‘Expo leeft nach bis den 21. Mee 2023.