Regisseur vu "Léon "Enquête wéinst Vergewaltegung géint de Luc Besson agestallt

RTL Lëtzebuerg
D'Paräisser Kassatiounsgeriicht huet d'Enquête wéinst Vergewaltegung géint de franséische Regisseur Luc Besson endgülteg agestallt.
© STEFANIE LOOS AFP

Wéi et am Urteel vum Geriicht, dat der Noriichtenagence AFP virläit, heescht, géif et kee Grond ginn, an der Affär en Appell zouzeloossen.

Domadder ass de 5 Joer laange rechtleche Sträit tëscht dem Besson an der Schauspillerin Sand Van Roy virun der franséischer Justiz eriwwer. D’Van Roy hat de Besson kuerz no engem Treffen am Joer 2018 beschëllegt, si vergewaltegt ze hunn. De Regisseur hat dogéint ëmmer behaapt, dass hien an d’Actrice eng Affär, déi vu béide Säite gewollt war, matenee gehat hätten.

De Luc Besson ass ënner anerem als Regisseur vun de Filmer “Le Grand Bleu” a “Léon” bekannt. D’Sand Van Roy hat 2017 am Besson sengem Film " Valerian and the City of a Thousand Planets " matgespillt. Wéi si seet, hätt de Besson gesot, dass hien hirer Karriär géif schueden, wa si net mat him schlofe géif.

D’Sand Van Roy huet annoncéiert, dass si an dëser Saach virun den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zéie wëll.

Back to Top
CIM LOGO