Nom groussen Erfolleg mam Comeback vum Grand-Duché beim internationale Musiksconcours dëst Joer ass et lo offiziell, dass Lëtzebuerg och d’nächst Joer nees e Song op den Eurovision Song Contest wäert schécken.
Dofir siche mer Kandidatinnen a Kandidaten, déi fir de Grand-Duché wëllen untrieden. Bass du Sänger an hues Loscht mat dengem Song eist Land um ESC ze vertrieden? Da mell dech lo un!
D’Aschreiwunge lafe bis de 6. Oktober 2024. Eng international Fachjury wäert dann an den Auditions déi bescht Kandidaten auswielen, déi sech dono fir d’éischt nees um Luxembourg Song Contest dem Public wäerte stellen. D’Gewënner-Lidd wäert da Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest 2025 an der Schwäiz vertrieden.
Lëtzebuerg war am Mee jo no iwwer 31 Joer Paus nees beim Eurovision Song Contest derbäi. Am Virfeld dovunner goufen aus ronn 200 Kandidaten eng 8 Sängerinnen, Sänger respektiv Bands ausgewielt, déi Ugangs vum Joer an der Rockhal um “LSC” géinteneen ugetruede sinn. Deemools hat d’Tali mam Song “Fighter” gewonnen a war dofir fir Lëtzebuerg zu Malmö derbäi, wou d’Sängerin um Enn op déi 13. Platz koum.
Artiste mussen:
Song:
Aschreiwe kann ee sech op eurovision.lu