Offiziell Ouverture den 1. OktoberEscher Konschthal gëtt elo schonn Ablécker iwwer e "Schaufenster"

Patricia Baum
Fir den 1. Oktober dëst Joer ass déi grouss Ouverture vun der Konschthal zu Esch geplangt. Et gëtt awer och elo schonn e bëssen eppes ze gesinn.
Escher Konschthal: Ablécker iwwer e "Schaufenster"
Fir den 1. Oktober dëst Joer ass déi grouss Ouverture vun der Konschthal zu Esch geplangt. Et gëtt awer och elo schonn e bëssen eppes ze gesinn.

Am Virfeld kritt een nämlech mam Schaufenster Konzept, Wierker an Artiste bausse virum Gebai gewisen. Et ass déi drëtten Ausstellung an deem Kader, an d’Iddi ass et, all Kéiers zwee verschidde Kënschtler an Zeen ze setzen.

D’Konzept vum Schaufenster ass zimmlech séier ëmgesat ginn, mat der Iddi national an international Artisten zesummen ze bréngen. Zwee Kënschtler stelle parallel, zu engem Thema, aus. Bei dëser drëtter Editioun stinn d’Wierker vum Armand Quetsch an Caecilia Tripp am Fokus.

Christian Mosar, artisteschen Direkter vun der Konschthal: “Deen Austausch spillt eng ganz grouss Roll, well ech ëmmer mengen, dass et net nëmme fir d’Kënschtler interessant ass, wa se parallel un enger Expo schaffen, mä och fir de Publikum. De Public kritt och doduerch nach eng Kéier mat, wéi villfälteg a verschidden d’Positiounen zu engem Thema kënne sinn. Mir hunn hei eng Ausstellung, déi leeft am Kader vum “Mois européen de la photographie”, an d’Landschaft steet kloer am Mëttelpunkt. Mä déi Manéier, wei den Armand Quetsch d’Landschaft gesäit a wéi d’Caecilia Tripp se weist, si grondverschidden.”

Op de Brécken-Pilieren direkt vis-à-vis vun der Konschthal weist den Armand Quetsch seng Propositioun zum Thema “Rethinking Nature”. Seng monumental Fotoe sinn entstanen an der Iddi, d’Piliere visuell duerch déi déck Bamstämm ze ersetzen, sou datt d’Bréck vun de Beem gedroe gëtt. D’Beem, déi een hei gesäit, si quasi all als “arbres remarquables” klasséiert.

Armand Quetsch: “Meng Aarbecht ass entstanen aus engem Besoin eraus vu Rou an Schéinheet. Ech hu virdrun éischter Serien gemaach, déi sech u gesellschaftlech-politeschen Themen orientéiert hunn oder et ass ëmmer ëm d’Fotografie gaangen. Aus engem perséinleche Besoin eraus hat ech einfach Loscht, mech mat méi einfachen Themen auserneenzesetzen.”

D’Caecilia Tripp weist hir Aarbecht “Liquid Earth”, déi eng Uspillung un d’Magma an d’Lava op eisem Planéit ass, an ass gläichzäiteg inspiréiert um Schrëftsteller Edouard Glissant.

“A senge Romaner an Texter ass d’Landschaft wéi eng Figur. Hie behandelt seng Figuren an d’Landschaft gläichwäerteg” D’Caecilia Tripp identifizéiert domat d’Leit bildlech mat der Landschaft.

Fir d’Ouverture vun “Schaufenster 3" huet den Dänzer a Choreograf Georges Maikel Pires Monteiro an engem “Feierstëppler”-Kostüm Referenz un d’Industriegeschicht gemaach.

Christian Mosar: “Wat och wichteg ass, dat ass, dass zum Beispill déi Aarbecht Biller vun engem Vulkan aus dem Kongo weist a se mat Biller vun der Erënnerung vun der Schmelz vergläicht. Dat ass eben de grousse Virdeel vun der zäitgenëssescher Konscht. Se ka Sujeten, déi esou wäit ausernee leien, op enger Plaz zesummebréngen.”

Bis den 29. August kann een déi zwou Aarbechte vum Armand Quetsch an Caecilia Tripp zu Esch gesinn.

Back to Top
CIM LOGO