Hannert de Kulissen"Et ass schwéier e gutt Buch zu engem Film z'adaptéieren"

RTL Lëtzebuerg
Ausgangs Mäerz ass zu Kielen an de Filmland Studioen den Tournage fir déi nei Lëtzebuerger Co-Produktioun "La Cache" lassgaangen.
Hannert de Kulissen: "Et ass schwéier e gutt Buch zu engem Film z'adaptéieren"
Ausgangs Mäerz ass zu Kielen an de Filmland Studioen den Tournage fir déi nei Lëtzebuerger Co-Produktioun “La Cache” lassgaangen.

De Film baséiert sech op de Roman vum Christophe Boltanski, deen 2015 erauskoum, an d’Geschicht vum Schrëftsteller senger Famill zielt. Fir d’Filmadaptatioun gouf sech op d’Episod vum Mee 1968 fokusséiert, e “Moment clé” an der franséischer Geschicht, déi an dësem Fall duerch d’A vum 10 Joer jonke Christophe observéiert gëtt. De Gros vun der Geschicht spillt sech an der Boltanski-Famill hirem Appartement zu Paräis of, wat fir dësen Tournage an de Filmland Studioen zu Kielen nogebaut gouf.

Am Ganzen dréint d’Ekipp eng 17 Deeg zu Lëtzebuerg. Domat entsteet effektiv de gréissten Deel vum Film am Grand-Duché. Duerno geet et weider op Paräis, fir d’Exterieuren ze filmen an d’Finitioune ginn an der Schwäiz gedréint. Bis Mëtt Abrëll soll de Film an der Këscht sinn a viraussiichtlech Mëtt 2025 dann an de Kinoen ulafen.

“La Cache” gëtt vu “Red Lion” produzéiert, mat der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Film Fong, an a Kollaboratioun mat engem franséischen an engem Schwäizer Produktiounshaus. D’Regie mécht de renomméierte Schwäizer Regisseur Lionel Baier.

Back to Top
CIM LOGO