D’Ausstellung am Mudam mam Titel «Dancing with my camera» weist hiert Liewenswierk, vun hiren éischte Fotoprojete bis hin zu ganz aktuelle Wierker. Dayanita Singh huet hir ganz eege Ausstellungsformen par rapport zu hire Fotoen fonnt, Formen, déi wäit iwwer d’Mauer erausginn. «Ech wollt u sech ni Fotografin ginn» dat sot Dayanita Singh am Interview a steet virun hirem Liewenswierk mat Honnerte vu Fotoen. D’Dayanita Sing ass zu New Delhi opgewuess an koum scho ganz fréi mat der Fotografie a Kontakt.
Meng Mamm huet obsessiv Foto-Albume gemaach. A well ech dat éischt gebuerent Kand war, sinn ech natierlech andauernd fotograféiert ginn. Also wann ech en Trauma hu vu menger ganz idyllescher Kandheet, dann datt ech de ganzen Zäit fotograféiert gi sinn. Natierlech wollt ech du keng Fotografin ginn.
Mat der Ausstellung «Dancing with my camera» geet d’Fotografin op d’Manéier an, wéi si Fotoen mécht, nämlech mat hirer Hasselblad, déi si beim Bauch hänken huet. Esou huet si hire ganze Kierper misse beweegen fir eng Foto ze maachen. Ma gläichzäiteg kréien d’Curateuren vun der Expo de Roll vum Choreograph, duerch hir wéi si se nennt Foto-Architekturen a mobil Muséeën. Eppes, wat mech bei der Fotografie wierklech nervt, ass wa meng Fotoen hannert Glas am Musée un der Mauer hänken a se net kënne beweegt ginn. De Raum bleift esou ëmmer d’selwescht no Wochen an Méint. Dofir hunn ech decidéiert, dës Strukturen ze bauen déi ech dann op an zou maachen kann, wéi ech et gären hätt a kee ka mech stoppen. Dat hei ass de «File Museum», den éischten, deen ech 2011 gemaach hunn. An ech kann einfach dës Säit zoumaachen. Dat hei ass de klengen «Ladies Museum», an dat kann ech och zoumaachen. An elo sinn et zwee separat Muséeën, wat och immens interessant ass.
Mat der Ausstellung am Mudam kritt een der Dayanita Singh hir eenzegaarteg Vue op d’Welt an op dat, wat si ëmgëtt, ze entdecken. Theme wéi d’Archiv, Musek, Danz, Architektur, Doud, Geschlecht a Frëndschaft fléissen an hir Wierker mat eran.
Ech maache Biller, déi dem Visiteur Fräiraum loossen, fir an d’Wierk anzedauchen. Ech mengen net, datt ech de Leit a menge Biller eng komplett Geschicht erzielen. De Visiteur completéiert d’Bild an ech maache mäi Bescht, fir dat Gefill sou wäit auszebreeden, wéi et geet.
Dayanita Singh huet hir Manéier fonnt, wéi si d’Fotografie wëll weisen an inzenéieren an dat accessibel, onkomplizéiert a virun allem ofwiesslungsräich.