
Ma genee dofir hu mir eis an der Stad ëmgekuckt an hunn eng Rëtsch interessant an ënnerschiddlech Expoe erausgesicht. Do ass fir jiddereen eppes dobäi. Hei eng Iwwersiicht, iwwer wou a wéini déi ënnerschiddlech Expoen lafen.

Déi poetesch Ambiance vu Villercher markéiert d’Konschtwierker vum Kënschtler ludovic hadjeras. Mat senge Kartographien aus Lëtzebuerg an Algerien stellt hien Identitéitsfroen zur Relatioun tëschent Mënschen an Déieren.

Ween e Sonndeg de 4. August oder 1. September zu Fouss am Gronn ënnerwee ass, dee begéint eng Ausstellung vu Molerei, Fotografie, Glaskonscht, Keramik a Skulpturen. Eng ronn 34 international Kënschtler fënnt een op der historescher Bréck. Dëst alles a Begleedung vu Liveconcerten.

19 Lëtzebuerger an international Kënschtler regroupéiert d’Galerie Reuter Bausch mat hirer Ausstellung “Un été coloré”. Déi divers Medien ewéi Fotografien, Collagen oder Zeechnunge ginn dëser Ausstellung e ganz besonnesche Charakter.
“True Fictions”, esou heescht d’Ausstellung am Arendt House, ass eng Kollektivausstellung vu Lëtzebuerger Kënschtler, awer och Kënschtler aus der Groussregioun mat esouguer der Spuenescher Kënschtlerin Cristina de Middel. Wierker, primär Fotoen, aus der Kollektioun vum Arendt House ginn hei zesumme gesat mat ganz néie Wierker, ewéi d’Installatioun vum Marco Godinho. Esou gëtt eng aussergewéinlech dokumentaresch Ambiance a visuell Erzielung kreéiert.

“Put it on!”, sou heescht d’ Fotosausstellung am Ratskeller vum Cercle Cité. Organiséiert vun der Stater Fotothéik, geet et hei em d’Entwécklung vun der Moud am Grand-Duché zënter dem 20. Joerhonnert. D’Ausstellung ass an ënnerschiddlech Kategorien agedeelt, wouduerch een e Gespier fir d’Period vum leschte Joerhonnert kritt.

Dem Architekt Jean-Christophe Quinton seng monographesch Maquetten ënnert dem Titel “L’altérité des pièces” sinn am Luxembourg center for Architecture ausgestallt. Mat den ënnerschiddlechen Héichten an Dimensioune vun de Modeller kreéiert den Architekt d’ Impressioun vun enger eenheetlecher Landschaft.

Zanter dem 5. Juli presentéiert d’Villa Vauban zwou nei Ausstellungen. Déi eng, mam Titel “Sous une lumière dorée”, iwwer Molerei aus Italien am 17. Joerhonnert . Dat Speziellt ass awer, datt d’Motiv vun de Wierker déi italieenesch Landschaft ass aus dem Bléckwénkel vun hollänneschen a flamännesche Kënschtler. Dës Expo leeft nach bis den 13. Oktober.
Rätselhaft an idyllesch Welte maachen déi zweet Expo, “le paradis terrestre”, aus. Wee sech fir antik, mythologesch a philosophesch Drockgrafiken aus dem 17. bis 19. Joerhonnert interesséiert ass hei genau richteg, an dat nach bis de 27. Oktober.
Parallel zu den Expoen ass dëse Summer och erëm d’Villa Vauban Plage. Hei kënne sech och déi Kleng mat ënnerschiddleche kënschtleresche Workshoppen ameséieren an déi bësse méi Grouss kënne sech och kreativ an Atelieren, wei Macramé-, Heekel- a Stréckatelieren ausdrécken.