London"Faithless"-Sänger Maxi Jazz am Alter vu 65 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Dem Sänger seng Band-Kolleegen hunn den Doud vum Maxi Jazz op Hellegowend an de Soziale Medie confirméiert.

“Mir sinn ontréischtlech doriwwer, datt de Maxi Jazz d’lescht Nuecht friddlech a sengem Haus am Süde vu London gestuerwen ass”, esou d’Band an hirer Matdeelung. “Hien huet eiser Musek déi richteg Bedeitung a Message ginn.”

D’Band “Faithless” ronderëm de Sänger brittesche Maxi Jazz, dee mat biergerlechem Numm Maxwell Fraser geheescht huet, huet sech 1995 gegrënnt. Hire gréissten Hit hat d’Band mam Titel “Insomnia”, dee mat senger Textzeil “I can’t get no sleep” an den 90er Joren all Mënsch am Ouer louch. Faithless huet iwwer d’Joren siwe Studioalbe produzéiert.

Back to Top
CIM LOGO