Den Echter’Jazz ass ee vun e puer klenge Festivallen, wou een zu Iechternach ka Museksbijouen entdecken.
Siwe Museksgruppe respektiv individuell Interprete konnt de Visiteur sech am Trifolion ukucken an ulauschteren. Dat geet vum renomméierte bis zu Neieentdeckungen. Och déi Lëtzebuerger Jazzzeen huet hir Plaz, an déi brauch sech bekanntlech vis-à-vis vum Ausland net ze verstoppen.
Dëst Joer hat den Direkter vum Trifolion den Haaptakzent op weiblech Interprete geluecht. De Maxime Bender, selwer professionelle Jazzmuseker, dréit och derzou bäi, dass dem Jazz zu Lëtzebuerg eng breet Plaz ugebueden gëtt an d‘Jazz-Fans op hir Käschten kommen.
Mä fannen och d’Fans de Wee bis op Iechternach? Den Trifolion läit no bei der däitscher Grenz an sou ass et normal, dass och Museksintresséiert aus der Géigend kommen. Jee no Programm vum Festival kommen d’Leit aus dem ganze Land, souguer Ferventen aus der Metzer Géigend konnt een begéinen
D‘Claire Parsons, déi scho laang zu Lëtzebuerg lieft a musizéiert, hat hiren Optrëtt e Freideg den Owend am Trifolion. Si ass bestänneg amgaangen, hire musikaleschen Horizont auszebauen. Mat acquatic museum offréiert d’Claire Parsons eng migrationell Musek, déi tëschent de Genre Pop an Jazz hin an hir fléisst, mol iwwert dem musikalesche Waasser mol ënnert deem Waasser. Dat léist och de Choix vun den Instrumenter an techneschen Hëllefen undeiten, déi an der Band an den Asaz kommen. Net einfach, do net ënnerzegoen, mä d’Claire Parsons hält sech mat hirer eegener Dynamik iwwer Waasser.