
Viru Kuerzem eréischt gouf d’Konschtwierk vum belsche Moler Jacob Jacobs aus dem 19. Joerhonnert an de Vereenegte Staaten erëmfonnt.
Vue datt ëmmer erëm Biller, Tableauen oder aner Konschtwierker opdauchen, déi vun US-Zaldote wärend Kricher geklaut goufen, geet de Federal Bureau of Investigation (FBI) och hei dovun aus, datt den Tableau esou aus Lëtzebuerg verschwonnen ass. Méi genee aus Iechternach, wéi et an engem Schreiwes vun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg heescht.
Dem “Chicago Field Office” vum FBI no gouf d’Bild wuel wärend der Ardennenoffensiv vun Amerikaner aus Iechternach geklaut. Mat der Ënnerstëtzung vum “Art Crime Team” vum FBI gëtt dowéinst elo nom Besëtzer vum Konschtwierk gesicht.
Fir dat kulturellt Ierwen z’erhalen an ze schützen, engagéiere sech d’USA, esou Konscht- a Kulturgidder zréck un déi rechtméisseg Proprietären, respektiv Länner ze ginn. An deem Kontext gouf 2004 d’"Art Crime Team” gegrënnt. Dat nodeems 2003 den irakeschen Nationalmusée ausgeraumt gi war. Zanter bal 20 Joer konnten d’USA esou geklaute Wierker sécherstellen a bis haut iwwer 20.000 Konscht- a Kulturgidder erëmfannen.
Fir d’Besëtzer vun de Wierker erëmzefannen, setzt den FBI och op d’Hëllef vun de Bierger. Wien Informatiounen zum rechtméissege Proprietär vum Tableau huet, ass deemno gebieden, sech per Mail u SeascapeTips@fbi.gov ze mellen.
Iwwer de Kënschtler:
De Jacobus Albertus Michael Jacobs, deen als Jacob Jacobs bekannt war, ass den 19. Mee 1812 zu Antwerpen gebuer. Hien huet seng Studie bei de Kënschtler Gustaf Wappers a Ferdinand de Braekeleer op der “Kinneklecher Akademie vun de Schéine Kënscht” zu Antwerpen ugefaangen, éier hien op Leuven gaangen ass, wou hie vun de Wierker vum Ludolf Bakhuizen an Andriaen van de Velde beaflosst gouf. De Belsch, dee virun allem Landschaften a Séi-Wierker am romantesche Stil gemoolt huet, huet zu de Kënschtler gehéiert, déi “d’Geschicht vun der Belsch” vum Hendrik Conscience illustréiert hunn.