Sonndesinterview mam Dirigent Sidney Scho"Fir d'Museksbranche sinn ech am Duerchschnëttsalter. Fir d'Dirigéiere sinn ech nach relativ jonk"

Lea Schwartz
De Sidney Scho ass 24 Joer al, studéiert Orchesterdirektioun an dirigéiert och de Cercle Synphonique zu Rëmeleng. Besonnesch hunn et him Lëtzebuerger Museksstécker ugedoen. Firwat dat esou ass an wéi hien dozou komm ass, Dirigent wëllen ze ginn, huet hien eis am Sonndesinterview erzielt.
D'Musek ass dem Sidney Scho seng grouss Passioun.
© RTL Lëtzebuerg

Et géife net vill Momenter ginn, an deenen een de Sidney Scho net mat enger Partitur an der Hand gesäit.

"Ech vergläichen et gären heiansdo mat enger Sucht. Wann och enger ganz schéiner, mee wann s du bis eng Kéier ugefaangen hues, domadder, da kanns du net méi ophalen", seet de 24 Joer ale Museker. "Et sinn eigentlech ëmmer enzwousch e puer Noute bei mir oder ech lauschtere Musek oder ech beschäftege mech mat Musek."

Seng Léift zur Musek huet scho ganz fréi ugefaangen. Seng Mamm huet selwer Musek gemaach an esou ass hie scho relativ jonk Concerte lauschtere gaangen an hat vill Kontakt zu Museker an Orchesteren.

"Fir d'Museksbranche sinn ech am Duerchschnëttsalter. Fir d'Dirigéiere sinn ech nach relativ jonk."

Schonn als Kand hat hien eng Virléift fir den André Rieu. Een hollänneschen Dirigent a Géigespiller. Dofir ass de Choix fir dat éischt Instrument och op d'Géi gefall. D'Instrument huet hien an der Diddelenger Museksschoul geléiert spillen. Do huet hien och mam Solfège ugefaangen. Iergendwann ass d'Uergel als Instrument dobäi komm. D'Uergel huet hie fir sech entdeckt, wéi hien no der Kommunioun Massendénger ginn ass.

Mat der Géi ass hien dunn an de Stater Conservatoire gewiesselt fir d'Coursen ze huelen a mat den Uergelcoursen iergendwann op Metz. Do war nämlech ee Proff, dee sech op al Musek spezialiséiert hat. An déi huet de Sidney Scho besonnesch interesséiert.

Am Stater Conservatoire huet hien dunn och nach mat Direktiounscoursen ugefaangen. No der Première huet hie sech dunn dofir entscheet Uergel zu Saarbrécken studéieren ze goen. Parallel dozou huet hien och nach Uergel-Improvisatioun zu Nanzeg studéiert. Mëttlerweil huet hien souwuel säi Studium zu Saarbrécken, wéi zu Nanzeg an och d'Dirigéieren am Stater Conservatoire ofgeschloss.

"Dee gréisste Feeler, deen ech gemaach hunn, war, dass ech geduecht hunn: d'Nächst Joer gëtt et manner an et ass ni manner ginn", laacht de Sidney Scho. Hie gëtt zou, dass et och dacks stresseg war op deene verschiddene Plazen mussen ze sinn. Aktuell mécht hie säi Master zu Lausanne. Dat wär just eng Plaz, mee duerch aner Projeten ass hien awer dacks ënnerwee.

© RTL Lëtzebuerg

Mat 24 Joer ass hien dee jéngsten a sengem Studium. "Fir d'Museksbranche sinn ech am Duerchschnëttsalter. Fir d'Dirigéieren sinn ech nach relativ jonk", seet de Sidney Scho. Wien als Museker Fouss faasse wéilt, misst fréi ufänken. "Do ass keen, deen ënner 10 Joer nach ufänkt", erkläert hien.
Bei Dirigenten wär dat bëssen anescht: "Du muss onheemlech vill musikalescht Wëssen hunn. Du muss vill gespillt hunn, fir dat kënnen ze verstoen. An dann nach, et sinn der vill déi soen, am Dirigéiere géif ee réischt gutt gi mat 50."

"Et ass Beruffung, an net nëmme Beruff"
De Sidney Scho schwätzt doriwwer, dass et keen einfache Wee ass fir Dirigent ze ginn.

"Et ass vill onheemlech schéi Musek, déi net gespillt gëtt."

Wéi hien déi éischte Kéier am Kader vun engem Unisprojet virun engem Orchester stoung, war him séier kloer, dass dat eppes ass, wat hien wéilt als Beruff maachen. Aktuell studéiert hien och Orchesterdirektioun.

Dirigéiere mécht hien awer och elo scho reegelméisseg op verschiddene Projeten: "Sief et fir extern Concerten, fir déi ee gefrot gëtt. An natierlech op der Uni musse mir Saache fir extern Projeten dirigéieren. Da sinn ech nach Directeur musical beim Cercle Symphonique. Dat ass bësse méi grouss, well du muss net just dirigéieren, du muss och Saisonen plangen, kucken d'Museker zesummen ze kréien."

Zanter bal véier Joer ass hien de musikaleschen Direkter beim Cercle Symphonique zu Rëmeleng. Et ass souzesoen een Hybrid-Orchester. D'Museker sinn zum Deel Amateur-Museker, anerer si Professionell Museker. "Vu dass mir déi besonnesch Situatioun hunn, dass mir hybrid funktionéieren mat Studenten, wuel vill Kolleege vu mir, déi ech dann kennen aus mengem Studium, an Amateur-Museker. Do hu mir eis gesot: Wat spille mir? Do ass mir iergendwann an de Kapp komm: Firwat spillt eigentlech kee Lëtzebuerger Musek? ", erzielt de Sidney Scho.

Lëtzebuerger Musek gefält dem Sidney Scho ganz gutt. "Et ass vill onheemlech schéi Musek, déi net gespillt gëtt", betount hien. Et wär och interessant domadder ze schaffen: "Et ass ee ganzen Deel Fuerschung mat dobäi. Dat heescht du fënns iergendwou eng Referenz vun engem Stéck. Da muss du kucken: Ginn et Nouten dozou, wéi eng Ausgab gëtt et? Wann et eng gëtt. Mir hunn elo ee ganze Concert gespillt mat handgeschriwwenen Manuskripter vum Jean-Pierre Kemmer, well et keng Ausgab gouf. Dat ass eppes wat ee bei enger Beethoven-Symphonie net méi onbedéngt mécht. Well et einfach schonn alles erfuerscht gouf an et ass scho vill gemaach ginn."

Dofir schaffe si mat der Nationalbibliothéik zesummen, déi hinnen d'Nouten zur Verfügung stellt.

D'Bedeitung vu Concoursen

Och wann de Sidney Scho Orchesterdirektioun studéiert, den Diplom a sech géif net automatesch Dieren opmaachen. An der Museksbranche ass et bësse méi komplizéiert: "Et gëtt eigentlech ni dir eng Garantie. Du gees studéieren, Du gees am Fong studéieren, fir d'Erfarung an d'Wëssen. Manner fir de fäerdegen Diplom. Dee bréngt dir herno manner wéi dat wat s du geléiert hues a wat s du kanns.", erkläert hien. Vill Dirigente géifen de Wee goen iwwert eng Assistenz bei engem aneren Dirigent, fir Erfarung ze sammelen a méi bekannt ze ginn. Dat ass nämlech schlussendlech wichteg, fir kënnen dirigéieren ze kënnen. "Dat schwéierst ass bekannt ze ginn, dass d'Leit dech kennen", erkläert de Sidney Scho," Du kanns dech net iergendwou ausschreiwen a soen: Hallo, hei sinn ech."

Och iwwer Competitioune kann een méi bekannt ginn. De Sidney Scho huet och schonn un esou Concoursen deelgeholl, bei deenen Dirigente géinteneen untrieden a mat engem Orchester schaffen, dat si kaum kennen. Esou war hien zu Ungarn an zu Bukarest d'lescht Joer. Do huet hien et bis an d'Finall gepackt an een 2. Präis gemaach.

"Déi Concoursen, dat ass eppes, dat relativ brutal ass, leider"
De Sidney Scho beschreift den opwännegen Oflaf vun esou engem Concours.

Fir de Sonndesinterview treffe mir hien an der Sacré-Coeur-Kierch an der Stad. Wann hien am Land ass, spillt hien Freidesowes an de Massen op der Uergel. Et ass een Instrument, dat hie scho vu Klengem u faszinéiert huet. Et gëllt och als een vun de schwéiersten Instrumenter, dat ee léiere kann. "Et ass warscheinlech ee vun deene schwéiersten Instrumenter wat d'Koordinatioun ugeet. Well s de mat den zwee Hänn schaffs, mat de Féiss. Du muss dräi nei Säite Nouten gläichzäiteg liesen."
De Sidney Scho vergläicht et mat engem Orchester dirigéieren, och do muss ee villes gläichzäiteg maachen an iwwerall seng Aen an Oueren hunn. Eng Erausfuerderung op déi hie sech an Zukunft nach méi wëll konzentréieren. "Wann dat klappt, dann hunn ech ee vun deene schéinste Beruffer, deen ee kann hunn".

"Ech vergläichen et gären heiansdo mat enger Sucht"
Sonndesinterview mam Sidney Scho iwwert d'Gefill virun engem Orchester ze stoen.

Back to Top
CIM LOGO