Warner Bros. annoncéiertFortsetzung vu "Lord of the rings" soll gedréint ginn

RTL Lëtzebuerg
Den neie Film soll 2026 an d'Kinoe kommen.
© Photo by WingNut Films / Collection ChristopheL via AFP

Den US-Filmstudio Warner Bros. huet ugekënnegt, dass un enger Fortsetzung vun der Fantasy-Reih “Lord of the rings” geschafft gëtt. Titel vum Film, dee vum Peter Jackson produzéiert a bei deem den Andy Serkis Regie féiert, soll “The Hunt for Gollum” sinn. Aktuell wier nach amgaangen, d’Skript fir de Film auszeschaffen. Den Andy Serkis hat schonn an der originaler Trilogie d’Roll vum “Gollum” gespillt.

D’Virlag fir déi éischt dräi Filmer, déi virun iwwer 20 Joer erauskomm waren, ass d’Fantasy-Saga “Lord of the Rings” vum brittesche Schrëftsteller JRR Tolkien. Dës Filmer haten eng ganz Rei Oscare gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO