"Not human - Luxembourg’s other inhabitants"Fotoe vun Déieren aus der Stater Fotothéik am Cercle Cité

RTL Lëtzebuerg
Schonn zënter ëmmer liewen de Mënsch an d'Déier zesummen. Sief et als Notz- an Hausdéier oder och attraktiounsbedéngt.
Fotoe vum Déieren aus der Stater Fotothéik am Cercle Cité
“Not human - Luxembourg’s other inhabitants” - D’Fotothéik an der Stad huet ëm déi 7 Millioune Fotoen an hirem Archiv, dorënner ass och d’Déier omnipresent.

D’Fotothéik an der Stad huet ëm déi 7 Millioune Fotoen an hirem Archiv, dorënner vill historesch, urbanistesch an dokumentaresch Fotoen. Ma och d’Déier, dat Deel vun eisem Alldag ass, ass hei omnipresent. Am Cercle Cité kann een den Ament mat der Ausstellung “Not human. Luxembourg’s other inhabitants” eng Selektioun vun dëse Fotoe gesinn. Eng Selektioun, déi ënner anerem de Mënsch am Ëmgang mam Déier weist.

Ob de Mupp doheem oder en Elefant am Zirkus - Déiere waren och fréier schonn en treie Begleeder am Alldag. D’Ausstellung am Cercle Cité weist Fotoen vun Ufank vum 20. Joerhonnert bis haut. D’Fotothéik, di als visuellt Gedächtnis funktionéiert, wollt di verschidde Funktioune vum Déier, d’Verbindung mam Mënsch an och hire Liewenslaf weisen.

«Am grousse Sall gesäit een de Liewenszyklus vun den Déieren. Vun der Fortplanzung iwwer wéi se um Maart verkaf ginn, oder wa se zum Beispill als Schaffdéier agesat ginn oder si se am Zirkus oder Zoo ze gesinn sinn. An zum Schluss kënnt eben den Doud wéi am Liewen vun all Mënsch.» (Gaby Sonnabend, Direktesch Fotothéik)

D’Ausstellung «Not Human» weist och wéi respektvoll de Mënsch mam Déier zesummeliewe kann. Op eng ganz empathesch Manéier gëtt virun allem de Lien mam Hausdéier duergestallt. Ganz rezent Wierker vum Fotograph David Wagener weisen d’ Déieren an der fräier Natur. Ma hei ass Distanz éischter Devise.

«Di beschten Approche ass menger Meenung no, wann d’Déier op dech duer kënnt. Dat heescht, du muss ëmmer eng Loft am Gesiicht hunn an d’Déier kënnt op dech duer. Wann een op d’Déier duergeet, mam Kameidi an eng schlecht Loft an nach verschidden aner Saachen, net gutt getarnt oder sou, dann ass d’Déier fort, da stéiert een de Wiessel an da gesäit een d’Déier net. Dat heescht, jo, Gedold a Wësse vum Déier sinn u sech di zwou Saachen, déi ee muss hunn, ier ee mol Fotoen mécht. » (David Wagener, Fotograf)

D’Entwécklung vun der Relatioun tëschent Mënsch an Déier huet sech an de leschte Joerzéngte virun allem an de Beräicher vum Zirkus an Zoo verännert. Wou fréier den Entertainment mam Déier grouss geschriwwe ginn ass, gëtt sech haut éischter fir Déiererechter an hiert natierlecht Ëmfeld agesat.

«Do ass awer och e Switch ze gesinn, nach eiser Haltung géintiwwer Déieren. Wa mir sou Fotoe gesinn vun Zirkusdéieren zum Beispill, do si mir haut net méi sou enthusiastesch, wéi d’Leit op de Fotoe nach sinn. An deemools war dat eng Sensatioun, wann Elefanten duerch d’Stad gelaf sinn oder och Léiwen am Zirkus waren. An dat ass och eng Iddi vun der Ausstellung, datt d’Leit driwwer nodenken iwwer d’Roll an d’Funktioun vun Deieren haut an der Gesellschaft.» (Gaby Sonnabend, Direktesch Fotothéik)

D’Selektioun vun de Fotoen, wou Déieren dëst Kéier ganz am Fokus stinn, ass nach bis de 24. September am Cercle Cité an der Stad ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO