De Frank Feitler ass zu Bäerdref an Esch opgewuess. Hien huet zu Heidelberg studéiert an als Däitsch- a Philosophieprofesser geschafft. Hie war scho ganz fréi beim Theater aktiv, ënner anerem zu Basel als Dramaturg. Dono huet hien um Schauspielhaus zu Hamburg geschafft.
1990 koum en zeréck op Lëtzebuerg a war fräiberufflech aktiv am Theater an am Film. Hien huet Regie am Theater gemaach a war Dréibuchauteur beim Film, besonnesch zesumme mam Pol Cruchten, mat deem hien ënner anerem d’Produktiounsfirma Red Lion gegrënnt hat, an dem Andy Bausch. Säi leschte Film war “Little Duke” (2023) vum Andy Bausch.
2001 ass de Frank Feitler Direkter vum Neien Theater ginn, deen deemools renovéiert gouf. Hien huet dem “Groussen Theater” net nëmmen en neien Numm ginn, mee och eng komplett nei Ausriichtung an eng international renomméiert Programmatioun. Nieft Theater an Oper, si vrun allem héichwäerteg Danzproduktiounen op d’Bün komm.
Als Regisseur huet de Frank Feitler ganz dacks Lëtzebuerger Auteuren inzenéiert, ë.a. mat dem Ensemble “Fräie Vollekstheater”. Seng lescht Theaterproduktioun war 2022: “En Escher Jong” iwwer de Lëtzebuerger Acteur René Deltgen mat an den Haaptrollen dem Luc Feit an dem André Jung.
2021 huet hien den nationalen Theaterpräis fir säi Liewenswierk kritt.
De Frank Feitler ass en Donneschdeg de Moien no kuerzer schwéierer Krankheet gestuerwen, wéi d’Famill eis confirméiert huet.
Eng sëllegen ëffentlech Perséinlechkeeten, dorënner och den Ausseminister Xavier Bettel an de fréieren Transportminister François Bausch, hunn der Famill an de soziale Medien hiert Matgefill ausgedréckt. D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet an engem Communiqué geschriwwen, Lëtzebuerg géif ëm ee Mann kräischen, deen aus dem kulturelle Liewen net fortzedenke wier.
Als Hommage un déi verstuerwe Gréisst aus der Lëtzebuerger Kulturzeen weist RTL e Freideg den Owend ëm 20 Auer de Film “Rusty Boys” um 1. RTL op der Tëlee. An dësem Film war de Frank Feitler Dréibuchauteur, zesumme mam Andy Bausch.
Liest dozou och:
Den RTL-Afterwork mam Frank FeitlerHappy Birthday: 50 Joer Groussen Theater