Tëscht 10 a 14 JoerFranséisch Schauspillerin Emmanuelle Béart war als Kand Affer vun Inzest

RTL Lëtzebuerg
Am Documentaire "Un silence si bruyant" huet déi franséisch Actrice ausgesot, dass si als Kand Affer vu sexuellem Mëssbrauch an hirer Famill gi wier.
© VALERY HACHE / AFP

Dat Ganzt wier passéiert, wéi si tëscht 10 a 14 Joer gehat hätt. D’Schauspillerin wéilt d’Identitéit vum Täter allerdéngs net ëffentlech maachen, sou d’Ko-Regisseurin vum Film Anastasia Mikova, en Dënschdeg bei der Presentatioun vum Film zu Neuilly-sur-Seine. Et wier allerdéngs net der Béeart hire Papp gewiescht.

Den Documentaire portraitéiert 4 Persounen, déi Affer vu Mëssbrauch an hiren eegene Famille waren. Wéi et vun der Béart heescht, wollt si selwer am Film net iwwert hiren eegen Fall schwätzen, fir deenen anere Persoune mäi Zäit fir ze schwätzen ze ginn. Géigeniwwer der Zäitschrëft Elle sot déi 60 Joer al Regisseurin an Actrice, dass si kee Film iwwer Affer maachen, mä iwwer Mënschen, déi Affer waren an haut kämpfen.

D’Emanuelle Béart huet an hirer Karriär virun allem a franséische Produktioune gespillt, dorënner ënner anerem a 8 femmes a Les témoins. Si hat awer och Rollen an amerikanesche Filmer. 1996 huet si a Mission Impossible matgespillt an 2006 hat si d’Haaptroll am Thriller A Crime.

Back to Top
CIM LOGO