
Als Schauspiller ass de Mitterand, deen den 21. August 1947 zu Paräis gebuer gouf, eng éischte Kéier am Joer 1960 am Film “Fortunat” opgetrueden. Zu senge bekanntste Wierker dierft awer wuel “Le fabuleux destin d’Amélie Poulain” gehéieren.
Ënnert dem Nikolas Sarkozy gouf de Mitterand 2008 dunn zum Direkter vun der franséischer Akademie zu Roum benannt, éier hien de 24. Juni 2009 Minister fir Kultur a Kommunikatioun gouf. De Mitterand stoung oppen zu senger Homosexualitéit, wat hien awer ëmmer nees an d’Viséier vu verschiddenen anere Partei bruecht huet. Nieft der franséischer Nationalitéit hat de Frédéric Mitterand och nach déi vun Tunesien.
Déi franséisch Tëlee hat de 14. Abrëll 2023 matgedeelt, datt de Mitterand zanter dräi Méint mat enger schlëmmer Krankheet ze kämpfen huet. Ouni et direkt ze soen war d’Spekulatioun vu Kriibs opkomm. Bal ee Joer méi spéit ass de fréieren Acteur a Schauspiller gestuerwen.