Daucht an d'Welt vum Steampunk anGeckeg Erfindungen a kreativ Kostümer Anno 1900

RTL Lëtzebuerg
An eng Zäit andauchen, déi et sou ni gouf. Dat ass de Steampunk am Minettpark zu Nidderkuer.

Fir déi 13. Kéier gëtt am Fond-de-Gras de Steampunk organiséiert. Et ass dat lescht grousst Event fir dës Saison am Minettpark. Et geet zréck an d’Zäit vun ënner anerem engem Jules Verne. Verréckte Kleeder, geckeg Erfindungen. Der Fantasie an der Kreativitéit vun de Leit si keng Grenze gesat.

Mam Train 1900 kënnt ee vu Péiteng aus op de Site. Eng Busnavette ass och virgesinn. An och mat der Minièresbunn kann een en Tour maachen. Um Sonndeg kann ee vu moies 11 bis owes 18 Auer e puer flotter Stonnen am Fond-de-Gras beim Steampunk erliewen.

Steampunk zu Nidderkuer
Geckeg Erfindungen a flott Kleeder Anno 1900

Back to Top
CIM LOGO