LOA FestivalGewannt dës Woch Ticketen am RTL Nomëtten

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend (Freideg a Samschdeg) ass de Season-Closing vum LOA, Luxembourg Open Air.
© Arthur Ranzy

Nodeems am Mee zu Esch um Belval gefeiert ginn ass, zitt et d’Frënn vun der elektronescher Danzmusek op de Kierchbierg op d’place de l’europe bei der Philharmonie.

Nei ass dëst Joer eng Techno-Stage an eng Secret-Stage, déi een also nach fanne muss.

D’Musek gëtt vu internationalen Artisten a local Acts assuréiert.

Dës ganz Woch gitt Dir am Nomëtte beim Tom Nols a Laurent Gillander iwwert de LOA informéiert a kënnt och all Dag 2 Weekend-Päss gewannen. Rendezvous tëscht 13:00 a 17:00 um Radio.

Homepage LOA

Back to Top
CIM LOGO