Mat 264 Wierker vum lëtzebuergesch-amerikaneschen Avantgarde Kënschtler huet den Nationalmusée um Fëschmaart déi gréissten ëffentlech Steichen-Sammlung vun der Welt opweises. Dozou komme 49 Biller vun anere Kënschtler, déi hie fotograféiert haten.
“From aerial views to pink suits” heescht déi nei Ausstellung, déi dem Public eng ganz frësch Perspektiv op den Edward Steichen bitt. Loftopnamen aus dem Militärfliger oder de Pionéier-Fotograf beim Gaardespadséiergang... et ass den Edward Steichen, wéi een en nach ni virdrun gesinn huet. Mat der Ausstellung “From aerial views to pink suits” presentéiert den Nationalmusée dem Visiteur eng Selektioun vu sengen allerneiste Steichen-Acquisitiounen. Dorënner Opnamen vun den amerikanesche Fotografen Bruce Davidson a Wayne Miller an dem Cinéast Robert Elfstrom, deen zu Redding, am Connecticut dem Edward Steichen säin Noper war. Hir Fotoe weisen de Kënschtler ganz privat an engem intime Kader.
Natierlech weist dës Expo awer och Wierker vum Steichen selwer. Dozou gehéiere ganz rar Loftopnamen, déi kengem artisteschen, ma engem strikt militäreschen Zweck gedéngt hunn. Wärend dem 1. Weltkrich war hien nämlech de Leeder vun enger Fotografie-Sektioun vun der U.S. Army.
Deel vun dëser Ausstellung ass och eng nei, grouss Acquisitioun vun der Galerie Clairefontaine, zu där eng ganz Partie Portraite vu bekannte Perséinlechkeeten aus de New-Yorker-Kreesser vun deemools gehéieren.
Nach bis de 16. Juni kann een d’Ausstellung “From aerial views to pink suits” an de Nationalmusée kuckegoen.