35 Euro Bong als EntschiedegungGrouss Enttäuschung um "Siren's Call" no Ausfall vu Kim Gordon a Bat for Lashes

David Winter
D'Kim Gordon, d'Bassistin vu Sonic Youth, an d'Musekerin "Bat for Lashes", waren a sech Headliner vum Festival. Schlussendlech si si se net opgetrueden.
© David Winter / RTL

Enttäuschung bei de Leit war definitiv ze spieren, nodeems och nach déi lescht schlecht Noriicht vum Festival koum. Wéinst dem Stuerm hunn net just missen d’Acts alleguerten am Schnellduechlaf op der grousser Bün an der Abtei Neimënster hir Sets spillen, och den Act “Bat for Lashes” huet missen ofsoen, well de Spot dobaussen net méi disponibel war. Fir déi Kënschtlerin waren nawell vill Leit aus dem Ausland ugereest a schlussendlech huet dunn och nach den Headliner vum Owend, nämlech d’Kim Gordon, kuerzfristeg ofgesot.

An enger Mail vum Atelier, déi e Méindeg den Owend géint 17 Auer un Visiteuren erausgaangen ass, kruten d’Leit als Entschiedegung ee Bong vu 35 Euro pro Ticket proposéiert. D’Bonge gëlle fir ee Joer a kënne fir all d’Concerten um Site vum Atelier ageléist ginn.

An engem Communiqué deelen d’Festival-Organisateuren offiziell e Méindeg de Mëtteg mat, dass een als alleréischt emol frou wier, dass souwuel Spectateuren, ma och d’Ekipp an d’Kënschtler et sécher duerch de Stuerm gepackt hunn. Dëst wier och e Grond, wisou deels sou spéit iwwer Ausfäll kommunizéiert gouf, eppes, fir dat sech den Organisateur an engem Schreiwes entschëllegt.

Schreiwes vun neimënster a punkto Sécehrheet a Kommunikatioun.

Back to Top
CIM LOGO