
Viru knapp 30 Dausend Fans spillt de Britt op den zwee Deeg um Open-Air bei der Luxexpo. Et ass den Ofschloss vun de Concerten déi den Atelier dëse Summer um Kierchbierg organiséiert.

Virun engem Joer koum dem Robbie Williams säin neien Album eraus, de 25. 13 dovun hunn et an de UK op Plaz eent gepackt. Dat ass Rekord fir e Solo-Artist, dësen deelt hie sech mat kengem anere wéi den Elvis Presley. Och wann déi ganz grouss Zäiten eriwwer sinn. De Robbie Williams ass nach ëmmer e Superstar an d'Leit hu mat vill Virfreed op eng grouss Show gewaart.