De 7. Mee steet d’Tali mat enger iwwerschaffter Versioun vu “Fighter” op der grousser Bün zu Malmö an der Halleffinall vum Eurovision Song Contest. Beim Videodréi huet hatt ënnert anerem mam 21 Joer jonke Realisateur Jonathan Steuer a mam Hiphop-Choreograf Huaskar Alcon zesummegeschafft, deen och scho fir d’Jennifer Lopez Choreographien entwéckelt huet.
Mir konnten e Bléck hannert d’Kulisse geheien.