Fir hir nei Single "Liewen"Hannert de Kulissen um One-shot Museksvideodréi vu Schëppe Siwen

Isabelle Gillen
Am Mäerz dëst Joer, huet déi Lëtzebuerger Folkpunk-Band Schëppe Siwen hir nei Single "Liewen" verëffentlecht an huet elo och dee passende Museksvideo gedréint. Mir waren hannert de Kulissen dobäi.

Dat Ganzt gouf als one-shot-Video, also an engem eenzegen Duerchlaf, mat de Produzente Lukas Grevis a Laurent Rischette gedréint. Mat dobäi ware méi wéi 100 Fräiwëlleger, déi als Statisten am Video matgewierkt hunn, oder hannert de Kulissen am Asaz waren, fir d'Schëppe-Siwen-Ekipp um Tournage z'ënnerstëtzen.

Gedréint gouf de Video am Gronn. Lass goung et virun der Entrée vun de Rives de Clausen. Vun do aus, ass et duerch eng kleng Gaass bis erop op de Plateau Altmünster gaangen.

De fäerdege One-shot-Museksvideo ass dann och deemnächst bei Schëppe Siwen op Youtube an um Internetsite ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO