Um Ofschloss vun der Frankfurter BuchmesseHistorikerin Anne Applebaum krut de Friddenspräis vum Däitsche Buchhandel

RTL Lëtzebuerg
Um Ofschloss vun der weltwäit gréisster Bicherfoire gouf e Sonndeg zu Frankfurt am Main de Friddenspräis vum Däitsche Buchhandel iwwerreecht.
© AFP Archivbild

D’Auszeechnugn ass dëst Joer un d’US-polnesch Journlaistin an Historikerin Anne Applebaum gaangen, déi sech an hire Bicher der Geschicht vum kommunistesche System an der aktueller Gefor fir d’Demokratie duerch autokratesch Walvainqueuren an d’Verbreede vu Propaganda gewidmet huet.

Si hätt an hire Wierker wéi “Die Verlockung des Autoritären” eng déifgrënneg wéi och horizonterweidernd Analys virgeluecht an domat e wichteg Bäitrag geleescht, d’Demokratie an de Fridden oprechtzëerhalen, sou d’Jury an enger Erklärung.

D’Präisiwwerreechung ass en Héichpunkt vun der Frankfurter Buchmesse.

3 Deeg op der Frankfurter Buchmesse: Bicher, Begéinungen an Iwwerraschungen

Back to Top
CIM LOGO