An de Rotonden an an der Abtei NeimënsterHOPPLA: E kulturelle Weekend fir déi ganz Kleng

Isabelle Gillen
Dëse Weekend bidden d'Rotonden an d'Abtei Neimënster eng Rei Spektakele fir Kanner am Alter vu 6 Méint bis 5 Joer un.
© Rotondes / Abtei Neumünster

Et kéint een net ze jonk sinn, fir Konscht ze erliewen. De But vun HOPPLA ass et, schonn deene ganz Klengen den Zougang zu der Kultur ze erméiglechen, dat mat verschiddene Spektakelen an Atelieren.

Theater, Musek, Danz, an Installatiounen. Bei HOPPLA kënne Kanner, zesumme mat hiren Elteren, kucken, lauschteren, upaken an experimentéieren, ganz no hirem eegene Rhythmus.

D'Rotonden an d'Abtei Neimënster hunn allebéid reegelméisseg e Programm fir e jonke Public. Deemno wier d'Kollaboratioun fir deen neie Projet HOPPLA evident gewiescht. Esou kënnen déi zwou Institutiounen hir Erfarunge mat esou Evenementer deelen an e ganze Weekend voller Aktivitéite fir Kanner, op zwou verschiddene Plazen, ubidden.

Den 2. Oktober geet et mat engem Dag fir Schoulklasse lass. E Samschden a Sonnden ass de Programm da fir jiddereen op.

Dee komplette Programm, mat alle Spektakelen, déi ugebuede ginn, fannt Dir op de jeeweilegen Internetsitte vun de Rotonden an der Abtei Neimënster, oder am Pressecommuniqué hei drënner.

Programm HOPPLA

Back to Top
CIM LOGO