Danzfestival "AeroWaves"International Dänz zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Den Danzfestival ”AeroWaves – Dance across Europe!” kënnt nees op Lëtzebuerg an dës Kéier souguer mat enger Lëtzebuerger Choreographie.

All zwee Joer fënnt den Festival de Wee op Lëtzebuerg an iwwerzeegt ëmmer nees mat senge Spektakelen. D’Abtei Neimënster huet zesummen mam TROIS C-L véier Owender op den zwou verschiddene Plazen organiséiert.

”AeroWaves”, esou heescht dat europäescht Netzwierk dat jonke Choreographen d’Chance gëtt hier Talenter uechter Europa ze weisen. Gegrënnt gouf ”AeroWaves” 1996 an zielt mëttlerweil 45 Partner aus 33 Länner, vu Griicheland, Kroatien, Albanien, Slowenien bis hin zu Island an Norwegen. All Joers ginn hei 20 Spektakelen aus 600 internationale Choregraphien erausgesicht. Ënnert dem Label “Espoir de la danse” kréien dës selektionéiert Danzproduktiounen d’Méiglechkeet hir international Karriär ze fuerderen.

Bei dëser fënnefter Editioun am September ginn dann 9 Spektakele vun der Gewënner Lëscht gewisen. Dës 9 Spektakele sinn d’läscht Joer um ”Romaeuropa Festival” an Italien vu ronn 40 professionellen Dänzer ausgewielt ginn.

Déi verschidde Choreographië kommen aus der Belsch, Groussbritannien, Zypern, Spuenien, Italien, Frankräich, Norwegen an och Lëtzebuerg.

De Programm vum ”AeroWaves” Festival 2023:

Um éischten Owend, de 6. September, stinn direkt dräi Produktiounen an der Abtei Neimënster um Programm.

Déi Belsch Choreographin Loraine Dambermont weist dem Public mat der Solo-Performance “Toujours de 3/4 Face !” hir Self-Defense Konscht op eng humorvoll Manéier.

Am zweete Stéck, " In memory of…”, versicht d’ Choreographin Milena Ugren Koulas eraus ze fannen a wéi enger Manéier Traumaen eis kierperlech a mental beaflossen. Zesumme mat der Musek vum George Koulas bidden déi zwee Zyprioten dem Public e Stéck voller Emotiounen.

© Pavlos Vrionides

Am Spektakel ”The very last Northern White Rhino” vum Spuenier Gaston Core, deen sech um urbanen Danz inspiréiert, gëtt op d’Ignoranz vun de Mënsche vis à vis vum Ausstierwe vum Rhinozeros opmierksam gemaach.

Den zweeten Owend, de 7. September, wéist zwou Produktiounen an der Banannefabrik.

Mam Solo-Danz “No more Version: Love the Magician” bréngt de Fernando Lopez engem D’ Geschicht vum Spuenesche Ballet méi no.

De Spektakel “Un discreto Protagonista” entféieren den Damiano Ottavio Bigi an den Alessandro Paoletti de Public an eng mysteriéis Welt.

https://www.youtube.com/watch?v=V6bbpOKzIpQ

https://www.youtube.com/watch?v=V6bbpOKzIpQ

Um drëttem Owend, den 8. September, fëllen nees zwou Produktiounen de Programm an der Abtei Neimënster.

Ugefaange mam Spektakel “Soirée d’études”, gëtt den “House Dance” vum Cassiel Gaube mat senger konstanter Entwécklung erfuerscht.

Déi brittesch Choreographin Eva Recacha iwwerzeegt de Public mat hirem méi poetesche Stéck “Because I can”.

De leschten Owend, den 9. September, ass nees an der Bannanefabrik mat zwou Produktiounen.

De Lëtzebuerger Isaiah Wilson erfuerscht seng kierperlech Limitte mat engem Mikrophon an enger Stethoskop, déi säin Häerzschlag vermëttelen am Stéck “331 Grams”.

© Abtei Neimënster

An der Solo-Autobiografie “Nabinam” deelt den Norwegesche Choreograph Jean-Baptiste Baele seng ganz perséinlech Geschicht vu senger Adoptioun.

© Abtei Neimënster

Back to Top
CIM LOGO