Sträit ëm Israel-ParticipatiounIrland boykottéiert den ESC op en Neits

RTL Lëtzebuerg
Scho fir déi zweete Kéier huet Irland decidéiert aus Protest net beim Eurovision Song Contest matzemaachen.
© ANDREAS HILLERGREN/TT News Agency via AFP

Aus Protest géint Israel am Hibléck op de Gaza-Krich huet Irland op en Neits decidéiert, net beim ESC dobäi ze sinn. De Sender RTE huet an enger Erklärung matgedeelt, dass hir Positioun onverännert bliwwen ass an huet op de Verloscht vu Mënscheliewen a Gaza verwisen.

Et ass schonn déi zweete Kéier, dass Irland dann net mat mécht. Schonn d'lescht Joer hat d'Land zesumme mat véier anere Länner den ESC boykottéiert wéinst der Participatioun vun Israel.

Irland ass awer net dat éischt Land, wat dës Decisioun fir d'Editioun 2027 geholl, Holland hat dat schonn am August annoncéiert. Hei ass allerdéngs nach onkloer, ob den ëffentlech-rechtleche Rundfunk NPO net nach en anere Sender fënnt an deemno den ESC-Bäitrag fir Holland iwwerhëlt.

Déi 71. Editioun vum Eurovision Song Contest ass am Mee an der bulgarescher Küstestad Burgas. Déi bulgaresch Sängerin Dara hat 2026 mat hirem Lidd "Bangaranga" gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO