20 Joer RockhalIwwer 10.000 Musekbegeeschterter ware fir den Ofschloss vun de Feierlechkeeten um Belval

Tim Morizet
Um Belval feiert d’Rockhal dëst Joer hiren 20. Anniversaire. Et sinn zwee Joerzéngten, an deenen d'Industriekuliss a Rock/Popkultur zesummefonnt hunn.

Beim Startschoss 2005 waren d’Erwaardunge riseg: d’Gebai war fäerdeg, d’Grupp The Prodigy war prett an d’Koppel Grand-Ducale ass “Moie” soe komm. “An dunn ass d’Maschinn gerullt”, erënnert sech den Direkter Olivier Toth.

20 Joer Rockhal
Iwwer 10.000 Musekbegeeschterter ware fir den Ofschloss vun de Feierlechkeeten um Belval

Zanterhier sinn d’Produktiounen ëmmer méi grouss, méi faarweg a méi, “instagrammable” ginn. D’Rockhal huet 5 Joer no der Ouverture massiv an Toun a Luuchtentechnik investéiert. Als kulturelle Schwéierpunkt um Belval ass d’Hall mëttlerweil e klore Point d’Attraction.

Festivitéite fir den 20. Anniversaire

E Mëttwoch huet d’Jubiläumsjoer eng staark lokal Nout kritt: Eng Auswiel u grousse Lëtzebuerger Museker a Bands aus de leschten 20 Joer hu sech d’Bün gedeelt - eng Widderhuelung vun deem, wat d’Zeen zu Lëtzebuerg staark gemaach huet: Zesummenhalt, Handwierk, a Live-Energie. “Mir hunn et ambitiéis ugesat. D’Kënschtler ware mega prett, an d’Leit do - et war e schrecklech schéinen Owend”, esou dem Olivier Toth säi kuerze Bilan.

Monumental Tour mécht den Ofschloss

Den Ofschloss vum Anniversaire gouf e Samschden Owend ënner fräiem Himmel gefeiert: déi grouss Tour vum franséischen DJ a Produzent Michael Canitrot transforméiert d’Héichiewen an eng Zort Leinwand.

20 Joer Rockhal
Iwwer 10.000 Musekbegeeschterter fir den Ofschloss vun de Feierlechkeeten um Belval.

D’Luuchteprojektioune treffen op Elektro an d’Setlist bliedert duerch d’Erënnerungen aus de leschten zwee Joerzéngten: “Wéi e Fotoalbum: tëschenduerch soll ee sech soen ‘oh, do war ech’”, esou den Olivier Toth.

De logisteschen Opwand ass grouss - Mapping, Deko, Sécherheet - “mee d’Ekippe si geüübt duerch Projeten ewéi dem Open Air Belval 2019 an 2022.” Domat schléit d’Rockhal eng elegant Bréck tëscht Vergaangenheet a Zukunft. Erënnerunge sammelen, neier maachen - an den Album geet weider. “Mir hunn nach vill Iddien”, seet den Direkter. Déi nächst Säiten am Rockhal-Memoire-Buch sinn also schonn ugeluecht.

Credits Video:

Smartprod.com / Wuddhy Fernandes – Emmanuel Linel
Let’s Fly Production / Anthony Brzeski / Jean-Claude Brzeski
Cablecam operators : Bashir Benfaida, Julien Paindestre

Back to Top
CIM LOGO