
Si war mat gesondheetleche Problemer geplot an huet dowéinst rezent eng Partie Concerte missen annuléieren. Zanter de 60er Jore stoung d’Jane Birkin virun der Kamera.
Bekannt gouf si virun allem duerch hiren Duett “Je t’aime...moi non plus”, datt se 1969 mat hirem deemolege Partner Serge Gainsbourg gesongen huet.
D’Jane Birikin gouf 1946 zu London gebuer. Hir Schauspill-Karriär huet se am Alter vu 17 Joer am Stéck “Carving a Statue” am Haymarket Theatre zu London ugefaangen. Éischt Schlagzeilen als Schauspillerin huet d’Birkin 1966 gemaach, als plakegt Model am Kultfilm “Blow Up”, deen zu Cannes ausgezeechent gouf.

Virun allem an den 60er an 70er Joren war d’Jane Birkin eng vun de bekanntste Schauspillerin vum westeuropäesche Filmsecteur an huet als eng vun den originellsten Actrice vum franséische Kino gegollt.
Och an der Welt vun der Moud ass hire Numm e Begrëff: d’Mark Hermès huet eng Posch no der Schauspillerin benannt: “Birkin Bag”, sou den Numm.
An de leschten Joren hat d’Jane Birkin ëmmer erëm gesondheetleche Problemer. An hirer Biografie, déi 2018 eraus komm ass, huet se ganz oppen iwwert hire Kampf géint Leukemie geschwat. Am September 2021 hat se donieft e liichten Hiereschlag gemaach.

D’Birkin war mam Komponist John Barry bestuet a spéider mam Gainsbourg an dem Regisseur Jacques Doillon liéiert. Aus deene Bezéiungen hat si 3 Duechteren, ënnert anerem d’Schauspillerin a Musekerin Charlotte Gainsbourg.
