Aus dem Film "Kill Bill"Japaneschen Acteur Sonny Chiba un de Suitte vu Corona gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De japanesche Kampfsportler an Actionfilm-Duersteller Sonny Chiba ass am Alter vun 82 Joer un de Suitte vun enger Corona-Infektioun gestuerwen.

De Chiba war ënner anerem bekannt duerch en Optrëtt am Quentin-Tarantino-Film “Kill Bill”. Hien ass e Mëttwoch u Covid-19 gestuerwen, sou säin Agent Timothy Beal. “Hie war e groussaartege Frënd an immense Client. Sou ee bescheidene, waarmhäerzegen a frëndleche Mann.”

De Sonny Chiba ass 1939 zu Fukuoka am Südweste vu Japan als Sadaho Maeda op d’Welt komm. Hien huet eng Rei Kampfsportaarte praktizéiert, dorënner seng Liblingsdisziplin Karate. Seng Fäegkeeten hunn him vill Optrëtter a Filmer a Serie vum aflossräiche japanesche Filmstudio Toei abruecht. Am Laf vum weltwäite Succès vun der Kampfsport-Legend Bruce Lee hat de Chiba sech mat der “The Street Fighter"-Trilogie international en Numm gemaach.
Dës Filmer hunn de jonken Tarantino beaflosst. A sengem Actionfilm “Kill Bill” hat de Realisateur dem Chiba d’Roll vum Sushi-Kach a fréiere Samurai Harttori Hanzo ginn, deen d’Schwäert fir d’Haaptactrice Uma Thruman fabrizéiert huet. 2006 hat den Chiba och nach am “The Fast and the Furious: Tokyo Drift” matgespillt.

Back to Top
CIM LOGO