No PlagiatsvirwërfJeff Dieschburg huet Prozess an 1. Instanz géint d’US-Fotografin gewonnen

RTL Lëtzebuerg
Déi US-amerikanesch Fotografin Jingna Zhang hat géint de Lëtzebuerger Moler geklot, well dësen hirer Meenung no eng vun hire Fotografien ofgemoolt hat.

D’Riichter um Lëtzebuerger Geriicht hätte festgehalen, datt déi original Foto d’Krittären net géing erfëllen, fir kënnen ënner lëtzebuergeschen oder europäesche Droit d’auteuren ze falen.

Den Affekot vun der Fotografin sot dem Lëtzebuerger Wort, seng Mandantin géif zu “99 Prozent” sécher an Appell goen. D’Zhang misst no der Néierlag viru Geriicht och d’Geriichtskäschten droen.

RTL-News: Jeff Dieschburg géint Jingna Zhang - Biennale verurteelt Haass-Kommentare géint de Lëtzebuerger op de soziale Medien
RTL-News: No Plagiatsvirwërf géint Jeff Dieschburg: De Lëtzebuerger Kënschtler soll net nëmmen ee Bild kopéiert hunn
RTL-News: Mat Präis ausgezeechent Bild - Huet e Lëtzebuerger e Plagiat bei der Konschtbiennale zu Stroossen agereecht?

Back to Top
CIM LOGO