Huet e Lëtzebuerger e Plagiat bei der Konschtbiennale zu Stroossen agereecht?
E Bild vun engem Lëtzebuerger krut zu Stroossen e Präis, ma eng Fotografin reprochéiert dem Student elo Plagiat.
E Lëtzebuerger Student ass ausgezeechent gi fir e Bild, dat hie gemoolt huet. Eng amerikanesch Fotografin reprochéiert dem jonke Kënschtler elo Plagiat. D'Biller hu gëschter den Tour an de soziale Medie gemaach an effektiv gläiche sech d’Bild an d’Foto enorm.
D'Bild vum Lëtzebuerger Student gouf bei der Konschtbiennale zu Stroossen mat engem Präis vu 1.500 Euro ausgezeechent.
D'Jury vun der Ausstellung zu Stroossen huet sech elo per Communiqué ze Wuert gemellt. Si huet decidéiert, e Spezialist matbäizezéien. Bis en Avis juridique virläit, géif ee sech net zu deem Sujet äusseren.
Weider Detailer an Aussoen méi spéit op RTL.lu.