Brittesche Bestsellerauteur an Ex-PolitikerJeffrey Archer am Alter vu 86 Joer gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi säi Verlag matdeelt, ass de brittesche Bestsellerauteur a fréiere Politiker Jeffrey Archer onerwaart am Alter vu 86 Joer gestuerwen.
Der britische Bestsellerautor und ehemalige Politiker Jeffrey Archer ist tot. Der Schriftsteller starb unerwartet im Alter von 86 Jahren, wie sein Verlag Harper Collins am Montag mitteilte.
© AFP/Archiv

Hie wier "friddlech a sengem Doheem tëscht zwou Schreifphase" gestuerwen", heescht et.

Der brittescher Zeitung "Sun" no hätt hien e Sonndeg nach bei engem Evenement zu London Bicher signéiert. Dës Woch hätt hien och solle beim Literaturfestival zu Cheltenham optrieden, fir iwwert säi rezentst Wierk "Adam and Eve" ze schwätzen, dat e selwer als säi leschte Roman bezeechent huet. D'Publikatioun vum Buch war fir en Dënschdeg geplangt.

1969, am Alter vun 29 Joer war den Archer an d'Politik gaangen, wéi hien no sengem Studium e Sëtz am Parlament gewanne konnt. 1974 huet hie bal faillite gemaach, huet unhand vu sengen Negativerfarungen awer säin éischt Buch mam Titel "Not a Penny More, Not a Penny Less" 1975 publizéiert.

Senger eegener Website no hu sech déi weider Bicher, déi aus senger Fieder koumen, weltwäit iwwer 300 Millioune Mol verkaf. Meeschtens spille seng Romaner am Milieu vun de Räichen a Mächtegen. Zu senge bekanntste Wierker gehéieren nieft "Not a Penny More, Not a Penny Less", och "Kane and Abel" vun 1979, oder d'Clifton Chronicles vun deene vun 2011 u siwe Bänn publizéiert goufen,

Vun der deemoleger brittescher Premierministesch Margaret Thatcher gouf den Jeffrey Archer 1985 zum Vizechef vun den Tories ernimmt, ma schonn no engem Joer huet e wéinst engem Paiement un eng Prostituéiert missen zerécktrieden. E Prozess géint d'Zeitung "Daily Star" wéinst Verleumdung (d'Zeitung hat him eng Affär mat der Prostituéiert nogesot" hat en 1987 gewonnen, wéi sech spéider erausgestallt huet awer duerch sëllege Manipulatiounen. Ënnert anerem hat en e Kolleeg gefrot, ëm e falschen Alibi ze ginn. Den Jeffrey Archer gouf an deem Zesummenhang am Juli 2001 ënner anerem wéinst Dokumentfälschung an Ustëftung zur Falschausso zu véier Joer Prisong ouni Sursis verurteelt.

Back to Top
CIM LOGO